Auguste Wampach
| Auguste Wampach | |
|---|---|
| Gebuer |
6. August 1911 Nidderfeelen |
| Gestuerwen |
6. Mee 1988 Lëtzebuerg |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Paschtouer, Resistenzler |
|
| |
Den Auguste Wampach, gebuer de 6. August 1911 zu Nidderfeelen, a gestuerwen de 6. Mee 1988 an der Stad[1], war e lëtzebuergesche Paschtouer a Resistenzler an der Zäit vum Zweete Weltkrich.
Kuerzbiographie
[änneren | Quelltext änneren]Den Auguste Wampach huet säi Secondaire am Dikrecher Kolléisch gemaach, a goung duerno an de Seminaire zu Lëtzebuerg, a gouf den 19. Juli 1936 zum Priister geweit. Hie war fir d'éischt Kaploun zu Angelduerf (1936 – 1938) a gouf duerno Vikar zu Réimech. Nom Krich war hie Paschtouer zu Uewerpallen (1946 – 1950). 1950 krut hie seng Ernennung als Paschtouer vun Nojem a war zulescht Paschtouer zu Gouschteng (1956 – 1976). Hien huet seng Pensioun um Briddel verbruecht.
Säi Wee am Krich
[änneren | Quelltext änneren]Den Auguste Wampach war Member vun der Lëtzeburger Patriote Liga (LPL) an en enke Verbindungsmann am Widderstandsnetz vum Hubert Glesener an Eugène Léger. Hien huet de Refractairë gefälschte Päss ausgestallt an dofir e Stempel vum Polizeikommissariat Toul, an e Stempel vun enger loutrengescher Kierchefabréck benotzt. Eng Rei vun hinnen huet hien op d'Ferme de Caulre, den Haff vu sengem Schwoer Nicolay bei Saint-Marcel ronn 7 Kilometer südëstlech vu Jarny weidergeleet. Zugläich huet hien Noriichten, fir London a fir d'BBC, un de Resistenzler Edouard Hemmen, deen zu Bréissel aktiv war, weiderginn.
Den Auguste Wampach gouf de 15. Dezember 1943 zu Réimech verhaft a koum fir 8 Méint an d'KZ Hinzert. De 7. August 1944 ass en an de Prisong vu Wittlich iwwerstallt ginn, koum an d'Lager Rollwald (och Lager II Rodgau-Dieburg genannt) zu Nieder-Roden, wou en an de Kommando Urberach koum. De Kommando Urberach waren déi Gefaangen déi zu Urberach an Industriegebaier vun der Firma Telefonbau & Normalzeit Feierleetsystemer fir d'Flak a Steierelementer fir d'V2 hu misse bauen. Duerno koum en an d'Arbeitserziehungslager der Staatspolizeistelle Frankfurt/Main zu Heddernheim. Den 13. Januar 1945 ass hien an d'KZ Mauthausen ageliwwert ginn. No enger Woch am Invalideblock koum en an d'Außenkommando Linz III, fir an de Reichswerke Hermann Göring ze schaffen. De 5. Mee 1945 ass hie vun den amerikaneschen Truppe vun der 11. US-Panzerdivisioun vun der 3. US-Arméi befreit ginn.
Den Auguste Wampach huet den Amerikaner gehollef ze dolmetschen a war e puer Wochen an deenen hirem Haaptquartéier, dem Stift Sankt Florian. De 17. Mee 1945 huet d'Ordinariat vun der Diözees Linz dem "Herrn August Wambach[sic], Pfarrprovisor in Remmich[sic]" "dzt in Asten", "für das Jahr 1945 für die Diözese Linz die Zelebrationserlaubnis und die delegierte Beichtjurisdiktion" accordéiert.
Den Auguste Wampach ass iwwer Paräis an d'Heemecht zeréckkomm, wou en de 26. Mee 1945 ukoum.
Aus sengen Erzielunge geet ervir, datt hie villes huet missen erdroen, wat e Mënsch erniddregt an entwierdegt. Zugläich huet hien ëmmer erëm drop verwisen, datt hien duerch d'Hëllef vu Matmënschen iwwerlieft huet. Munchmol waren dat Leit vu baussen, déi him eppes z'iesse ginn hunn, munchmol war et d'Solidaritéit ënner de Matgefaangenen.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Wampach, Auguste: Mauthausen-Linz. 115-9-34 meldet sich gehorsamst zur Stelle, in: Letzeburger zu Mauthausen, Luxembourg 1970, S.155-160
- Engel, Marcel / Hohengarten, André: Hinzert. Das SS-Sonderlager im Hunsrück 1939-1945, Luxemburg 1983
- Kiesel, Georges: Abbé Auguste Wampach zum Gedenken. Von uns ging ein Widerstandskämpfer hohen Ranges, in: Luxemburger Wort vom 18. Mai 1988
- Die Luxemburger Kirche im 2. Weltkrieg. Dokumente, Zeugnisse, Lebensbilder, gesammelt und geschildert von René Fisch, Luxemburg 1991
- Weirich, Guy: "...in tiefem Schlamm versunken" (Ps 69,3). Zur Erinnerung an Pfarrer Auguste Wampach, in: 125. Anniversaire Chorale Ste Cécile Gouschténg, Broschüre 1996, S.93-95
- Kayser, Steve: Auguste Wampach in: Allein in der Tat ist die Freiheit. Widerstand gegen den Nationalsozialismus aus religiöser Motivation. Biografien und Beiträge zum Internationalen Symposium 2009, Editeur: Irmgard Aschbauer, Andreas Baumgartner, Isabella Girstmair, Wien, 2010, Verlag Mauthausen ISBN 978-3-902605-17-7, S. 201–205
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Gebuertsakt Nr. 17 vun der Gemeng Feelen vum 8. August 1911 mat Stierfinfo
