Augusto Pinochet

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Augusto Pinochet
Gebuertsnumm Augusto José Ramón Pinochet Ugarte
Gebuer 25. November 1915
Valparaíso
Gestuerwen 10. Dezember 2006
Santiago de Chile
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Chile
Educatioun Universidad de Chile
Aktivitéit Militär, Politiker

Den Augusto José Ramón Pinochet Ugarte [pinoˈʧεt] (* 25. November 1915 zu Valparaíso, † 10. Dezember 2006 zu Santiago de Chile) war e chileenesche Generol an Diktator. Vum 11. September 1973 bis zum 11. Mäerz 1990 huet hie Chile regéiert: fir d'éischt als President vun enger Militärjunta duerno als President (ouni awer jee gewielt gewiescht ze sinn). Hie war ee vun den Haaptleit beim Putsch géint den deemolege sozialistesche President Salvador Allende.

An deene 17 Joer wou en un der Muecht war, waren Arrestatiounen, Folterung, Muerd oder Verbannung vu politesche Géigner feste Bestanddeel vum Pinochet senger Politik. D"Kommissioun fir Wourecht a Reconcilliatioun" huet 2.095 doudeg an 1.102 "verschwonne" Prisonéier gezielt, aner Quellen zielen der Honnerte méi.

27.255 Leit krute spéider de Status als politesch Gefaangen unerkannt, dorënner 13 % Fraen; bal all goufe systematesch gefoltert. Honnertdausende vu Chileenen hunn d'Land verlooss, fir virum Regime fortzelafen.

De Pinochet gouf, nodeem e Walen zougelooss hat, den 11. Mäerz 1990 vum Patricio Aylwin als President ofgeléist. Well e sech d'Verfassung virdrun op d'Mooss schneidere gelooss hat, blouf e Senator op Liewenszäit, wat him politesch Immunitéit ginn huet, a bis 1998 Commandant en Chef vun der Arméi.

De Pinochet ass, eng Woch no engem Häerzinfarkt, am Alter vun 91 Joer gestuerwen, ouni fir d'Verbriechen, déi ënner senger Herrschaft geschouchen, verurteelt ginn ze sinn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Augusto Pinochet – Biller, Videoen oder Audiodateien