Aurélie Filippetti

Vu Wikipedia
Aurélie Filippetti
Gebuer 17. Juni 1973
Villerupt
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Politiker, Schrëftsteller, Linguist
Partei Parti socialiste

D'Aurélie Filippetti, gebuer de 17. Juni 1973 zu Villerupt an der Meurthe-et-Moselle, ass eng franséisch Politikerin vum Parti socialiste a Schrëftstellerin.

Si ass zanter dem Juni 2007 Deputéiert vum Walkrees Moselle a war vum 16. Mee 2012 bis de 25. August 2014 Ministesch fir Kultur a Kommunikatioun an den zwou Regierunge vum Jean-Marc Ayrault[1] an an där éischter vum Manuel Valls. Si ass zanter 2014 Gemengeconseillère zu Metz a war, ier se Ministesch gouf, Porte-parole vun der sozialistescher Fraktioun an der Assemblée nationale.

D'Aurélie Filippetti ass d'Duechter vum Angelo Filippetti (1938-1992), Biergaarbechter a Member vun der Parti communiste français, vun 1983 bis 1992 Buergermeeschter vun Audun-le-Tiche a Conseiller général vun der Moselle (1979-1983).

Si huet hire Studium op der École normale supérieure de Fontenay zu Saint-Cloud gemaach.

An hirem éischte Roman Les derniers jours de la classe ouvrière (2003) erzielt se, wéi hire Grousspapp, deen am Zweete Weltkrich Member vun der Resistenz war, vun der Gestapo a senger Grouf verhaft gouf a mat senge 6 Bridder an e Konzentratiounslager gestach gouf.[2]. Si huet sech och mat de soziale Suitë vum Zoumaache vun de Minettsgrouwen a Loutrengen auserneegesat.

2001 gouf si op der Lëscht vu Les Verts an de Gemengerot vum fënneften Arrondissement vu Paräis gewielt.

2006, huet se dës Partei verlooss, well se net an der Circonscriptioun Lonkech opgesat gi war, an ass dunn der Sozialistescher Partei bäigetrueden. 2007 gouf se an d'Nationalversammlung gewielt. Mam Arnaud Montebourg ass si Matgrënnerin vun der Convention pour la sixième République.

Si war Presidentin vum internationalen Dokumentarfilm-Festival vu Marseille.[3]

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. " Aurélie Filippetti emporte la Culture." Le Monde.fr | 16.05.2012, 20h12.
  2. Kuckt dozou online Annexion et nazification en Europe", Metz 7 et 8 novembre 2003: Pierre Schill, Antifascisme et résistance ouvrière organisés autour de la CGT et du Parti communiste en Moselle annexée (1940-1945), entre histoire et mémoire, p. 173 à 187 (actes publiés sous la direction de Sylvain Schirmann (Université de Strasbourg).
  3. Site du Festival International du Film documentaire