Autobus de la Ville de Luxembourg
![]() | |
Typ | Busreseau |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Organisateur | Stad Lëtzebuerg (Verwaltung) |
Bedreiwer | Autobus de la Ville de Luxembourg |
Opgaang | 1926 |
Linnen |
31 8 Nuetslinnen |
Gefiertyp | Standardbus, Gelenkbus |
Websäit | https://www.vdl.lu/fr/se-deplacer/en-bus |
![]() |



D'Autobus de la Ville de Luxembourg, gekierzt AVL, ass e Service vun der Stad Lëtzebuerg deen den ëffentleche Persounentransport, haaptsächlech um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg op engem Reseau vun ongeféier 167 km assuréiert.
D'AVL hat am Januar 2019 143 Busse, wouvun der 61 Gelenkbusse sinn. De Reseau ëmfaasst 31 reegelméisseg Linnen (2 bis 27 an 29 bis 33), 8 Nuetslinnen (City Night Bus) an eng autonom Navett am Pafendall (City Shuttle)[1]. Donieft gëtt et Schülerlinnen (Campus Lampertsbierg, Geesseknäppchen, Europaschoul Kierchbierg) an e Ruffbus (Call-a-Bus) deen een individuell fir Faarten um Gebitt vun der Stad bestelle kann.
De Call-a-Bus mécht och Faarte fir Leit déi am Rollstull setzen; dëse Service war och ënner dem Numm Rollibus bekannt. 7.000 Persounen am Rollstull sinn 2009 mam Rollibus transportéiert ginn, an eng 7.400 Leit hu vum Service Call-a-Bus profitéiert[2].
2018 sinn op de Stater Buslinnen 13,6 Millioune Kilometer gefuer ginn an et goufe 40,3 Millioune Leit transportéiert. De Busdéngscht huet ëm déi 535 Leit beschäftegt[3].
Tëscht 2011 an 2013 huet d'Gemeng 30 Milliounen Euro fir 74 nei Bussen investéiert[2].
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Vum Ufank bis haut
[änneren | Quelltext änneren]
Den 21. Februar 1875 gëtt als Ufank vum ëffentlechen Transport an der Stad Lëtzebuerg ugesinn. De Päerdstram huet vun deem Datum un d'Stater Gare mat der Uewerstad (Ënneschtgaass) verbonnen. 1908 gouf dunn de Päerdstram duerch en elektreschen Tram ersat, dee bis 1964 gefuer ass.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Fréiere Stater Tram.
Dat nächst grouss Kapitel an der Geschicht vum ëffentlechen Transport huet ugefaange wéi 1926 déi éischt Bussen ugeschaaft an déi zwou éischt Linnen (Rollengergronn an Hamm) a Betrib geholl goufen. Eng Rei Linne sinn an den nächste Jore bäikomm fir entweeder a Quartieren ze fueren déi wäit vum Zentrum ewech waren oder fir lues a lues den Tram z'ersetzen[4].
Datum | Linn(en) |
---|---|
01.04.1926 | Rollengergonn an Hamm |
01.04.1927 | Gaasperech an Zéisseng |
15.02.1929 | Kräizgrënnchen |
08.06.1931 | Gronn - Pafendall |
01.01.1936 | Bouneweg / E.-Welter-Strooss |
01.04.1938 | Bouneweg / A.-France-Strooss |
15.03.1946 | Kierchbierg |
19.06.1952 | Cents - Hamm |
01.11.1952 | Neiduerf |
01.05.1955 | Rollengergonn |
13.09.1955 | Hollerech |
08.09.1959 | Bouneweg / Kierfechtstrooss |
11.07.1960 | Gare - Stad - Lampertsbierg |
D'Autobussen hunn dem Tram ëmmer méi Konkurrenz gemaach bis schliisslech de Betrib vum Tram de 5. September 1964 ganz agestallt gouf[5]. Duerno ass de Betrib eleng mat den Autobusse weidergefouert ginn.
Nodeem den Tram ofgeschaaft war, gouf et keen Zesummenhank méi tëscht dem Elektrizitéitswierk an deem Service dee sech ëm den ëffentlechen Transport gekëmmert huet. De Service des transports en commun war gebuer a gouf mat anere stättesche Servicer (Waasser, Gas an Elektrescht) ënner d'Direktioun vun den Industrieservicer gestallt.
D'Linnennetz gouf an den 1960er Jore vergréissert a moderniséiert, besonnesch duerch d'Ubannung un den Neie Kolléisch, d'Verlängerung vun der Stad bis op d'Gare fir déi Beggener an d'Neiduerfer Linn. Et goufe verschidde Quartiere besser ugebonnen (rue des Sources, Reckendall, asw.), de Parking Service tëscht dem Glacis an der Stad gouf agefouert. 1977 gouf am Zentrum vun der Stad eng zentral Busgare um Piquet gebaut, do wou fréier d'Aldringer-Schoul stoung. D'Busgare Centre Émile-Hamilius huet bis Juni 2015 do funktionéiert.
No e puer Joerzéngten an deenen déi stättesch Linnen net iwwer d'Gemengegrenzen erausgefuer sinn, gouf am Joer 1982 eng éischt Linn agefouert, déi d'Gebitt vun der Stad verlooss huet: vun der Stad iwwer d'Kockelscheier bis op Léiweng. Am Joer duerno (1983) huet eng Zesummenaarbecht mam Transportministère ugefaangen, andeems eng Partie Linnen iwwer d'Stadgrenze bis an d'Nopeschgemenge verlängert goufen[6].
Mat de gemëschte Linnen (AVL / RGTR) wollt een engersäits Stroossen an de Fluchhafe besser mat der Stad verbannen an anerersäits déi duebel Faarten op der Streck Gare – Beggen ofschafen. Des Weidere sollt d'Linn „E“, déi bei d'europäesch Institutioune gefuer ass, zesumme vun den zwéin Operateure bedéngt ginn.
Am Juli 1989 gouf eng nei Ära agelaut andeems zu Hollerech den éischte Park and Ride-Parking mat enger spezieller Buslinn a Betrib geholl gouf déi vum P+R Bouillon aus all 10 Minutten an den Zentrum gefuer ass. Nach aner Park and Ride-Parkinge ginn an de Joren duerno a Betrib geholl, sou z. B. um Houwald (P+R Luxembourg-Sud), op der Areler Strooss (P+R Stade) an um Kierchbierg (P+R Kirchberg).
Mat enger éischter Phas de 27. Mee 1990 an enger zweeter den 31. Mee 1992 goufen d'Linne vun den AVL komplett iwwerschafft. Mam sougenannten „Brändli-Plang“ (benannt nom Schwäizer Verkéiersexpert Prof. Heinrich Brändli) goufen d'Linnen op der Basis vun dësen dräi Pilieren organiséiert:
- en Netz mat enger héijer Verfügbarkeet, d. h. mat kuerze Foussweeër bis op déi nächst Halt;
- e feste Fuerplang mat kuerze Waardezäiten, d. h. e séieren Takt op de wichtegste Linnen;
- Strecken op deenen de Bus net behënnert gëtt, ë. a. duerch d'Uleeë vu Busspueren a spezielle Verkéiersluuchte fir den ëffentlechen Transport, an awer och manner populäre Moossname mat Zil fir den Autosverkéier zu Gonschte vum Bus ze reduzéieren.
Op Basis vun dësen dräi Haaptpunkte war dunn en Netz entstane mat 20 Linnen déi sou iwwersiichtlech a rationell wéi méiglech geplangt goufen. Am Prinzip goufen allkéiers zwéi Quartiere matenee verbonnen (z. B. Linn 1 Zéisseng – Stroossen) déi duerch de Garer Quartier an d'Uewerstad gefuer sinn, ouni datt et awer Terminussen an der Uewerstad gouf.
Duerno goufen et nach weider grouss Ëmännerunge vun de Linnen:
- de 15. September 2008: fir de Busreseau an der Stad z'optiméieren;
- den 1. Juni 2015: am Kader vum Ewechfale vun der Busgare Hamilius hunn d'Linne misste geännert ginn an et gouf eng méi grouss Zesummenaarbecht mat de regionale Linnen (RGTR) ënnert der Responsabilitéit vum Nohaltegkeetsministère;
- den 10. Dezember 2017, 16. Oktober 2018, 3. November 2019, 13. Dezember 2020, 11. September 2022, 7. Juli 2024 an 2. Mäerz 2025 wéi verschidde Strecken a Linne wéinst dem Tram oder dem Tramsschantjen ugepasst goufen. Am Kader vum Bau vum neie Stater Tram, gouf d'Busgare niewent der Stater Gare den 13. Dezember 2020 fir zerguttst zougemaach, well d'Plaz fir aner Zwecker gebraucht gouf.
Infrastruktur
[änneren | Quelltext änneren]
Den AVL-Busdepot war fréier um Lampertsbierg am Tramsschapp an der „Rue Ermesinde“ ënnerbruecht an huet vun 1908 u funktionéiert. Vun 1926 u goufen do nieft den Tramsween och d'Bussen ënnerbruecht a reparéiert.
De 15. September 1975 goufen den Depot, d'Ateliere fir kleng Reparaturen an de Verwaltungssëtz op Hollerech an d'Rue de Bouillon verluecht; d'Aweiung war de 26. September 1975. Déi aner Ateliere (fir d'Motoren, d'Karosserie, d'Schräinerei, d'Usträicherei, den elektreschen Atelier, asw.) sinn awer nach bis 1990 um Lampertsbierg bliwwe bis déi nei Atelieren den 19. Oktober 1990 zu Hollerech ageweit goufen. 1999 si grouss Deeler vum alen Tramsschapp um Lampertsbierg ofgerappt ginn an op där Plaz ass e Sport- a Kulturzentrum entstanen.
An der Tëschenzäit ass um Site zu Hollerech och nach en anere Service vun der Stater Gemeng entstanen: de Service „Véhicules et maintenance“ dee sech nieft de Bussen och nach ëm den Ënnerhalt vun de Gefierer vun anere Gemengeservicer këmmert.
Zu Hollerech beim Busdepot ass zanter 1991 och den Trams- a Busmusée an engem separate Gebai ënnerbruecht.
AVL-Linnen
[änneren | Quelltext änneren]
Fuerpark
[änneren | Quelltext änneren]Den AVL-Fuerpark besteet aus 134 Bussen, woubäi nach eng Rëtsch Busse vu private Firmae kommen, déi am Optrag vun der Stad Lëtzebuerg fueren.
Kategorie | Serie | Marque a Modell | Ugemellt | Zuel | Zuel/Kat. |
---|---|---|---|---|---|
Gelenkbus | 31-44 | Mercedes-Benz Citaro C2 G hybrid | 12.2020 | 14 | 61 |
45-55 | Mercedes-Benz Citaro C2 G hybrid | 03.2023 | 11 | ||
56-66 | Mercedes-Benz O530G Citaro facelift G | 12.2011 | 11 | ||
68-74 | Mercedes-Benz O530G Citaro facelift G | 12.2013 | 8 | ||
75-84 | Mercedes-Benz Citaro C2 G | 09.2015 | 10 | ||
85-92 | Volvo 7900A Hybrid | 04.2017 | 7 | ||
Standardbus | 101-105 | Volvo 7900 Electric Hybrid | 01.2017 | 5 | 66 |
106-115 | Volvo 7900E | 10.2020 | 9 | ||
116-128 | Volvo 7900E | 10.2021 | 13 | ||
129-143 | Mercedes-Benz eCitaro | 01.2024 | 15 | ||
201-210 | Mercedes-Benz Citaro C2 hybrid | 08.2021 | 10 | ||
278-292 | Mercedes-Benz O530 Citaro facelift | 12.2013 | 14 | ||
Midibus | 329-331 | Flex-i-Trans | 08.2014 | 3 | 7 |
332 | Mercedes-Benz Sprinter Mobility 23 | 12.2020 | 1 | ||
333-335 | Mercedes-Benz Sprinter Mobility 23 | 10.2021 | 1 | ||
11.2021 | 2 | ||||
TOTAL | 134 |
Elektromobilitéit
[änneren | Quelltext änneren]D'AVL huet sech staark engagéiert fir hir Busflott méi nohalteg an ëmweltfrëndlech ze gestalten. Aktuell(Stand: Abrëll 2025) si schonn eng Rei Elektrobussen am Asaz, déi op bestëmmte Linnen déi traditionell Dieselbussen ersat hunn. Dës Mesure dréit dozou bäi, d'CO₂-Emissiounen an der Stad ze reduzéieren an d'Loftqualitéit ze verbesseren.
Fir d'Zukunft huet d'Stad sech ambitiéis Ziler gesat: bis 2026 soll déi ganz Flott klimaneutral sinn[8]. Dëst begräift net nëmmen zousätzlech nei Elektrobussen, mee och d'Entwécklung vun der néideger Luedinfrastruktur. En neie Busdepot an Opluedstatiounen ginn an dësem Kader geplangt oder si schonn am Bau.
Am Abrëll 2025 hat d'AVL 134 Bussen, vun deenen der 37 (27,6 %)[7] elektresch ugedriwwe ginn. Bis d'Enn vum Joer sinn nach zousätzlech 15 Standard- an 30 Gelenkbusse virgesinn, sou datt da 65 % vum Fuerpark Elektrobusse sinn[8].
Opluedstatiounen
[änneren | Quelltext änneren]
Fir déi Bussen, déi mat Pantografen ekipéiert sinn, gëtt et aktuell(Stand: Abrëll 2025) 15 Luedstatiounen op den Terminussen, op deenen d'Busse bannent e puer Minutten kënnen opgeluede ginn:
- Belair, Centre Hospitalier (2 Statiounen, Linnen 13 a 24)
- Hamm, Ierzkaulen (2 Statiounen, Linn 15)
- Hesper, Cité um Schlass (2 Statiounen, Linn 29)
- P+R Stade de Luxembourg (3 Statiounen, Linn 5)
- Steesel, Kennedy (2 Statiounen, Linnen 11 a 26)
- Steesel, Buergaass (2 Statiounen, Linn 10)
- Zens, Waassertuerm (2 Statiounen, Linnen 9 a 14).
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- CFL-Busdéngscht
- Régime général des transports routiers (RGTR)
- Transport intercommunal de personnes dans le canton d'Esch-sur-Alzette (TICE)
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]![]() |
Commons: Autobus de la Ville de Luxembourg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- D'AVL op der Websäit vun der Stad Lëtzebuerg
- Datebank + Biller
- Jeff Wiltzius, Städtische Linienbusse: Alles Timing op wort.lu de 15. Dezember 2019
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Linnen am Juli 2024
- ↑ 2,0 2,1 "Mobilitéit: Zejoert hunn 31,5 Mio Leit Stater Busse geholl." RTL.lu, 17.11.2010, 09:15 - Fir d'lescht aktualiséiert: 17.11.2010, 09:28.
- ↑ La ville en chiffres - Réseau de bus municipaux, op vdl.lu, gekuckt de 15. Dezember 2019
- ↑ Adolphe Kaufhold: Le Services des Autobus Municipaux. In: Tramsmusek 1931-1981, 1981, p. 121.
- ↑ Adolphe Kaufhold, Onsen Tramschapp (1908-1999) - Eine Chronik rundum das Limpertsberger Trambahndepot an Ons Stad, Nr 72/2003, S. 9
- ↑ René Clesse: Der städtische Busbetrieb und seine Umstrukturierung in den siebziger und achtziger Jahren (1970-1993). In: De Stater Tram 1875-1993, 1993
- ↑ 7,0 7,1 (en) Vehicles List – Luxembourg, Autobus de la Ville de Luxembourg. fotobus.msk.ru. Gekuckt den 28.04.2025.
- ↑ 8,0 8,1 (de) Alex Mort, Emissionsfreie Busse: Luxemburg stellt alle öffentlichen Verkehrsmittel auf Elektroantrieb um — Luxtoday.lu. Online-Medien in Luxemburg (27.03.2025). Gekuckt den 28.04.2025.