Op den Inhalt sprangen

Automotrice AM 96 SNCB

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Automotrice 96 SNCB)
AM 96 SNCB
Technesch
Daten:
AM 96 biAM 96 mono
Nummeréierung:441-490501-570
Stéckzuel:5070
Zesummesetzung:Bx + B + ADx
Constructeur:Alstom, BN an ACEC
Baujoren:19961997
Ausmusterung:nach a Betrib
Achsformel:Bo'Bo' + 2'2' + 2'2'
Déngschtmass:175 Tonnen169 Tonnen
Sëtzplazen:212 (45 A + 88 B + 79 B)
Kraaft:1400 kW
Maximal Vitess:160 km/h
Elektresch Spannung:25kV 50Hz ~
3 kV =
3kV =
Längt i.P:79200 mm
Längt vun den Elementer:18,7 m + 18,4 m + 18,7 m
Duerchmiesser vun de Rieder:Undriff 1010 mm
Aner 950 mm

D'Automotricë vun der Serie AM 96 sinn déi neist Generatioun vun elektresche Motricë fir den InterCity- an den InterRegiotrafic an der Belsch.

Si bestinn aus 3 Deeler a kënne bis zu 160 km/h séier fueren.

Gebaut goufe se tëscht 1996 an 1997 an orientéiere sech vu bannen a vu baussen un den I11'er Voituren.

Wéinst de grousse Gummiverkleedungen op deenen zwee Enner, gi se am Volleksmond "Gummi-Nuesen" genannt.

Wa s'an eng Ramm (Unité Multiple) integréiert sinn, gëtt de Poste de Commande säitlech agedréckt fir en Duerchgang tëscht de Motricen z'erméiglechen. D'Gummiverkleedungen op de Käpp erméiglechen e méi séiert Ukrämpen, well keng Soufflete brauche fixéiert ze ginn.

  • 441-490: Automotricë fir 3kV Gläichstroum a 25kV Wiesselstroum.
  • 501-570: Automotricë fir nëmmen 3kV Gläichstroum (501-524 hunn Memor II+ a sinn op der CFL-Linn 5 zougelooss.)
D'Automotricen AM 96 N° 450 vir a 449 hannen, fueren aus der Gare vu Liers an Direktioun Léck. (18. Mäerz 2010)
 Commons: SNCB-Klass AM96 – Biller, Videoen oder Audiodateien