Autoritarismus

██ ██ ██ ██ Autoritarismus | ██ ██ Mëschform | ██ ██ ██ ██ Demokratie |
Den Autoritarismus ((la) „Afloss“, „Geltung“, „Muecht“) ass eng diktatoresch Herrschaftsform.
Dem Politikwëssenschaftler Juan Linz no, deen de Begrëff an den 1960er Jore gepräägt huet, ënnerscheet sech den Autoritarismus vum diktatoreschen Totalitarismus duerch:[1]
- begrenzte Pluralismus,
- keng ëmfaassend formuléiert Ideologie,
- weeder extensiv nach intensiv Mobiliséierung.
De begrenzte Pluralismus ass als zentraalt Ofgrenzungseegenschaft ze gesinn. Den Handlungsspillraum vu politeschen a gesellschaftlechen Acteuren hänkt gréisstendeels vun der autoritärer Staatsféierung of. An der Ofgrenzung zum Totalitarismus gëtt fir den Autoritarismus éischter vu Mentalitéite geschwat als vun (politeschen) Ideologien. D'Mentalitéit ass dem Soziolog Theodor Geiger no eng „subjektiv Ideologie“, awer och en „objektive Geescht“.[2] Mentalitéite si psychesch Perséinlechkeetseegenschaften a funktionéiere formlos.
D'Feele vun enger klorer Ideologie bewierkt e Verloscht vun der Mobilitéitsfäegkeet; der Bevëlkerung feelt eng emotional Bindung un de System. Dowéinst formuléieren autoritär Regimmer hir Politik pragmatesch a probéiere gläichzäiteg, allgemeng Wäertvirstellunge wéi de Patriotismus, den Nationalismus, d'Moderniséierung an eng Uerdnung duerchzesetzen.
Sozial a politesch Basis vun autoritäre Systemer
[änneren | Quelltext änneren]Autoritär Systemer gi vu bestëmmte soziale Kräfte vun enger Gesellschaft gedroen. Déi bilden heiansdo hir oligarchesch Muechtbasis. Dës sozial Kräfte kënnen an z. B. zivil a militäresch Kräften ënnerdeelt ginn. Dat heescht, datt autoritär Staaten zivil, militäresch, tribal, reliéis oder bürokratesch gestierzt gi kënnen.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Autoritarimus – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Juan J. Linz: Totalitarian and Authoritarian Regimes. In: Fred I. Greenstein, Nelson W. Polsby (Eds.): Handbook of Political Science. Vol. 3: Macropolitical Theory. Addison-Wesley, Reading 1975, ISBN 0-201-02603-1, S. 175–411.
- ↑ Theodor Geiger: Die soziale Schichtung des deutschen Volkes. Soziographischer Versuch auf statistischer Grundlage. Enke, Stuttgart 1932 [ND ebd. 1987], ISBN 3-432-96201-0, S. 77 ff.