Op den Inhalt sprangen

Avenue Gaston-Diderich

Vu Wikipedia
Avenue Gaston-Diderich
Offiziellen Numm Avenue Gaston-Diderich
Lëtzeb. Numm Dauvelt
Ënnerhal vu(n) Administration des ponts et chaussées
Situatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Quartier(en) Belair
Postcode L-1420
Koordinaten 49°36'36,400"N, 6°6'24,401"O
Morphologie
Längt 1,586 km
Geschicht
Genannt no Gaston Diderich

D'Avenue Gaston Diderich ass eng Strooss um Belair an der Stad Lëtzebuerg. Se fänkt beim Boulevard Grande-Duchesse Charlotte un a verleeft dann a Richtung Weste bis bei de Märeler Kierfecht an der Rue des Aubépines.

D'Strooss, déi 1913 nach Dauwelterwee geheescht huet, gouf méi spéit d'Rue Belair a schlussendlech 1947 nom fréiere Stater Buergermeeschter Gaston Diderich benannt, deen dat Joer virdru gestuerwe war. Ënner der däitscher Besatzung (1940 - 1944) huet se „Prinz Eugenstraße” geheescht[1].

Am westlechen Deel vun der Avenue, do wou d'Strooss vis-à-vis vun der Rue d'Oradour e liichte Bou mécht, stoung fréier am Feld de Gaalge vun der Stad[2]. Dorop zeréckzeféieren ass de Flouernumm Gaalgebierg deen haut nach op der Kadasterkaart agedroen ass.

D'Haiser op Nummer 42-44 a 50A goufen den 21.9.2007, resp. de 26. 1.2015, op den Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter agedroen.

Laanscht d'Avenue leien ë. a. dës Gebaier:

 Commons: Avenue Gaston-Diderich – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Guy May, 2002. Die Straßennamen der Stadt Luxemburg unter deutscher Besatzung (1940-1944). Ons stad 71: 30-32
  2. Evamaria Bange, 2011. Diebe, Brandstifter und Kindsmörderinnen - Die Galgen der Stadt Luxemburg Ons stad 98: 48