Avenue Jean-Pierre-Pescatore

Vu Wikipedia
Avenue Jean-Pierre-Pescatore
Ënnerhal vu(n) Service Voirie vun der Stad Lëtzebuerg
Situatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Quartier(en) Uewerstad
Postcode L-2324
Koordinaten 49°36'53,1"N, 6°7'43,5"O
Morphologie
Längt 245 m
Héicht i. M. 308 m
Geschicht
Genannt 21. Juli 1877
Genannt no Jean-Pierre Pescatore

D'Avenue Jean-Pierre Pescatore ass eng Strooss an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg. Se geet vun der Biederplaz a Richtung Norde fort, iwwer de Boulevard Royal an dann als Sakgaass bis bei de Säitenagank vun der Fondation Pescatore.

Am Ufank vun der Avenue, um Eck mat der Biedergaass, läit lénkerhand d'Badanstalt an nom Iwwerquiere vum Boulevard Royal, rietserhand d'Gebai vun der Banque centrale. Nërdlech vum Boulevard Prince-Henri deelt d'Avenue de Pescatore-Park; um Wupp ass e klenge Rond-point fir d'Kéier ze maachen.

Am rietsen Deel vum Park steet de Bam vum Prënz Jean, e bemierkenswäerte Käschtebam an d'Skulptur Le passe-muraille vum Jean-Bernard Métais. Um ëstleche Wupp geet d'Foussgängerbréck iwwer den Eecher Bierg bis bei de Lift mat deem een an de Pafendall fuere kann.

D'Strooss ass beim Schleefe vun der Festung um Terrain vun den Neipuert-Befestegungen ugeluecht ginn[1]. Se krut 1877 hiren Numm als Undenken un de Geschäftsmann a Mäzen Jean-Pierre Pescatore deen der Stad Lëtzebuerg ë. a. eng hallef Millioun Frang vermaach hat, fir domat en Altersheem ze bauen, déi spéider „Fondation Pescatore“.

Ënner der däitscher Besatzung (1940 - 1944) huet d'Strooss „Pescatoreallee” geheescht[2].

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Avenue Jean-Pierre-Pescatore – Biller, Videoen oder Audiodateien



Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Avenue J.P. Pescatore an den Archive vun der Stad Lëtzebuerg op www.archives-vdl.findbuch.net, gekuckt de 17. Februar 2020
  2. Guy May, 2002. Die Straßennamen der Stadt Luxemburg unter deutscher Besatzung (1940-1944). Ons stad 71: 30-32.