Avenue John-F.-Kennedy (Stad Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
Avenue John-F.-Kennedy
Numm fr: Avenue John-F.-Kennedy
Längt ca. 3.700 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Kierchbierg,
Neiduerf/Weimeschhaff,
Postcode 1855
Koordinaten 49° 37’ 34.5’’ N
      06° 09’ 41.4’’ O
Genannt no John F. Kennedy

D'Avenue John-F.-Kennedy ass eng Strooss um Kierchbierg, an der Stad Lëtzebuerg. Et ass d'Haaptstrooss, déi, op knapps 4 km, vun der Rouder Bréck aus queesch iwwer de Plateau bis bei de Rond-point Serra geet, wou se Uschloss mat der Autobunn A1 huet. D'N51 féiert driwwer.

D'Avenue Kennedy war ursprénglech als Autobunn gebaut ginn. Tëscht dem Enn vun den 1990er Joren an dem Ufank vun den 2010er Jore gouf se zu engem Stadboulevard zeréckgebaut: Autobunnsop- an offaarten, souwéi Ënnerféierunge goufen ewechgemaach, normal Kräizunge mat Foussgängersträif goufen ugeluecht, asw.[1] Bei dësem Ëmbau goufen och Vëlosweeër an en Tracé fir den Tram amenagéiert, deen do zanter dem Dezember 2017 fiert.

Hiren Numm krut s'als Erënnerung un den US-President John F. Kennedy.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Avenue John-F.-Kennedy (Luxembourg City) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Josée Hansen: "Redessiner la topographie: D'ici 2013, le Fonds Kirchberg remblaie l'entrée au plateau et prépare définitivement l'axe central à l'arrivée du tram. L'aspect du quartier se densifie et devient de plus en plus urbain." land.lu, 19.08.2010.