Avenue de la Faïencerie

Vu Wikipedia
Avenue de la Faïencerie
Offiziellen Numm Roudebierg
Lëtzeb. Numm Roudebierg
Ënnerhal vu(n) Administration des ponts et chaussées
Situatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Quartier(en) Lampertsbierg, Rollengergronn/Belair-Nord, Uewerstad
Deel vun CR217
Postcode L-1510, L-1511
Koordinaten 49°37'14"N, 6°6'52"O
Morphologie
Längt 1.850 m
Héicht i. M. 321 m
Geschicht
Genannt 26. Oktober 1889
Genannt no Villeroy & Boch

D'Avenue de la Faïencerie ass eng Strooss an der Stad Lëtzebuerg. Se leeft vun der Limitt vum Stater Park am Quartier Uewerstad a Richtung Nordwesten duerch de Quartier Lampertsbierg bis an de Rollengergronn wou se Uschloss un d'Rue de Rollingergrund huet. Vum Boulevard de la Foire u gehéiert se zum CR217. Den nërdlechen Deel vun der Strooss, zu der Säit vum Hang, gëtt Roudebierg genannt.

D'Strooss huet hiren Numm vun der fréierer Faïencefabréck Siwebueren déi vun de Bridder Jean-François, Dominique a Pierre-Joseph Boch gegrënnt gouf; d'Produktioun huet 1767 ugefaangen[1].

Ënner der däitscher Besatzung (1940 - 1944) huet d'Strooss „Görres-Straße” an am ënneschten Deel „Im Roten Berg” geheescht[2]. Duerno, den 29. Dezember 1945 gouf d'Strooss rue Félix Thyes genannt, en Odonym deen awer nees geännert gouf[3].

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Gebaier[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Avenue de la Faïencerie – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Evy Friedrich, 1982. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? Ons stad 9: 29
  2. Guy May, 2002. Die Straßennamen der Stadt Luxemburg unter deutscher Besatzung (1940-1944). Ons stad 71: 30-32.
  3. Avenue de la Faiencerie op archives-vdl.lu, den Archive vun der Stad Lëtzebuerg; gekuckt den 23. Februar 2020