Avenue de la Liberté (Stad Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Avenue de la Liberté
Luxembourg - Av. de la Liberté - Nei Avenue.JPG
Numm lb: Nei Avenue
fr: Avenue de la Liberté
Fréieren Numm fr: Avenue Adolphe (bis 1925)[1]
de: Adolf-Hitlerstraße (1940-1944)
Deel vun N3
Längt ca. 850 m
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Gare
Postcode 1930
Koordinaten 49° 36’ 15.1’’ N
06° 07’ 49.8’’ O
d'Nei Avenue a Richtung Norde gekuckt (2014).

D'Avenue de la Liberté (am normale Sproochgebrauch: Nei Avenue) verbënnt am Garer Quartier vun der Stad Lëtzebuerg d'Place de Metz mat der Place de la Gare. Se ass en Deel vun der Nationalstrooss 3 an nieft der Aler Avenue déi zweet grouss Geschäftsstrooss am Garer Quartier.

Se gouf 2012 als zweet attraktiivst Avenue vun der Welt klasséiert[2].

Historesches[änneren | Quelltext änneren]

Uganks vum 20. Joerhonnert gouf d'Avenue vum Lëtzebuerger Staat - op de fréiere Festungsanlage vum Fort Bourbon - als Verlängerung vun der Neier Bréck ugeluecht. Se huet deemools Avenue Adolphe geheescht, benannt nom Groussherzog Adolphe.

1915 goufen am ieweschten Deel op deenen zwou Säite Platane geplanzt[3]. Am Februar 2018 gouf bekannt, datt dës Beem wéinst dem Schantje vum Stater Tram a wéinst Aarbechten um Kanalisatiouns- a Stroumreseau missten ewech geholl ginn[4].

Ënner der däitscher Besatzung (1940 - 1944) huet d'Strooss „Adolf-Hitlerstraße” geheescht[5].

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Avenue de la Liberté – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. „Neubenennung von Strassen der Stadt Luxemburg“ am Luxemburger Wort, Nummer 155, 4. Juni 1925, S. 11
  2. L'avenue de la Liberté la deuxième avenue la plus prestigieuse du monde op luxembourg.public.lu, dem offizielle Portal vu Lëtzebuerg (gekuckt den 13. Februar 2018)
  3. Friedrich E. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? Ons stad Nr. 19, 1985: 26
  4. Chantier vum Tram - Nei Avenue: D'Beem musse fort op rtl.lu, den 13. Februar 2018
  5. May G., 2002. Die Straßennamen der Stadt Luxemburg unter deutscher Besatzung (1940-1944). Ons stad 71: 30-32.