Neipuertsgaass

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Avenue de la Porte-Neuve)
Neipuertsgaass
Ënnerhal vu(n) Administration des ponts et chaussées, Service Voirie vun der Stad Lëtzebuerg
Situatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Quartier(en) Uewerstad
Deel vun Nationalstrooss 52
Postcode L-2227
Koordinaten 49°36'51,16"N, 6°7'39,22"O
Morphologie
Längt 535 m
Héicht i. M. 308 m
Geschicht
Genannt 21. Juli 1877
Genannt no Nei Paart

D'Neipuertsgaass (offiziell: Avenue de la Porte-Neuve) ass eng Strooss an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg, déi d'Groussgaass mam Rond-Point Robert-Schuman verbënnt. Zanter dem 21. Juli 1877 heescht déi Strooss sou, nodeem d'Festung geschleeft gouf, bis bei d'Biedergaass an zanter 1925 bis op de Glacis. Den Numm erënnert un d'Nei Paart déi op hirem Tracé stoung.

Den Deel tëscht dem Boulevard Royal an dem Rond-Point Robert-Schuman gehéiert zur Nationalstrooss 52.

Ënner der däitscher Besatzung (1940 - 1944) huet d'Strooss „Am Neutor” geheescht[1].

Beim Forum Royal steet och eng stiliséiert Paart mat op der Südsäit enger Consolatrix-Statu an enger Plack, op der geschriwwe steet:

PATRIAE DECVS
ATQVE TVTELA
LOCO NOVO
LVCEAT SEMPER
A.D. XIV KAL.
DECEMBRES
MDCCCLXXVI

Den Houfert an d'Patréinesch vun der Heemecht soll op dëser neier Plaz fir ëmmer liichten, 14. Dezember 1976.

Op der Nordsäit vun der stiliséierter Paart steet:

REGIONE VRBIS HAC NOVATA CIVES ET B. MARIAE VIRGINIS EFFIGIEM VIGILEM IN PORTA NOVA PER SAECVLA ADHVC JAM TRIA NOVA IN SEDE VENERANDAM STATVERVNT
SIT INTRANTI ET EXEVNTI MARIA CERTAE SPEI SIGNVM ET SOLATII A.D. XIV KAL. DECEMBRES MDCCCCLXXVI

An dësem renovéierten Deel vun der Stad hunn d'Bierger och déi Statu vun der Helleger Jongfra Maria, déi elo schonn dräi Joerhonnerten iwwer d'Nei Paart waacht, zur Veréierung op en neie Sockel gestalt.
Maria sief deem, deen era kënnt an deem, deen eraus geet, en Zeeche vu sécherer Hoffnung a sécherem Trouscht, 14. Dezember 1976 [2].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Neipuertsgaass – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Guy May, 2002. Die Straßennamen der Stadt Luxemburg unter deutscher Besatzung (1940-1944). Ons stad 71: 30-32.
  2. Lateinische Inschriften, Stadt Luxemburg Zentrum