Ayaz Mütəllibov

Vu Wikipedia
De Mutalibow, 1992

Den Ayaz Niyazi oğlu Mütəllibov (Ajas Nijasowitsch Mutalibow), gebuer den 12. Mee 1938 zu Baku (deemoleg Aserbaidjanesch SSR) a gestuerwen den 27. Mäerz 2022 zu Baku, ass en aserbaidjanesche Politiker. Hie war de leschte President vun der aserbaidjanescher SSR an den éischte President vum haitegen Aserbaidjan vun Oktober 1991 bis Mee 1992.

Wéi d'UdSSR zesummegebrach ass hat de Mütəllibov, deen deemools President vun der aserbaidjanescher SSR war, d'Presidence vum neien Aserbaidjan iwwerholl. Am Fréijor 1991 hat de Gorbatschow e Referendum gemaach, an de Mütəllibov hat fir den Zerfall vun der UdSSR gestëmmt.

Wéi den Nagorno-Karabach-Krich, eng Rei vu Konflikter tëscht Armenien am Aserbaidjan déi vun 1991 bis 1994 gedauert hunn an déi haaptsächlech d'Regioun Biergkarabach betraff hunn, ausgebrach ass, ass hien op Moskau geflücht, wou hien elo nach ëmmer am Exil lieft. No den éischten demokratesche Walen 1992, ass den Isa Gambar (ad interim) an dunn den Əbülfəz Elçibəy säin Nofollger ginn.