Azogues

Vu Wikipedia
Azogues
Land Ecuador
Provënz Cañar
Koordinaten 2° 44’ 34.90’’ S
      78° 50’ 48.05’’ W
Bevëlkerung  43 000 2010
Azogues vun der Plattform ënner der San Francisco-Kierch aus gesinn.

Azogues ass d'Haaptstad vun der Provënz Cañar am Ecuador.

D'Stad, déi ronn 43.000 Awunner[1] zielt, zitt sech vun Norden no Süde laanscht béid Säite vum Floss Burgay, an der Cordillera vun den Anden, op enger Héicht vu ronn 2.500 m iwwer dem Mieresspigel.

Azogues läit op der Panamericana, ronn 290 km am Süde vu Quito, der Haaptstad vum Ecuador.

Den Numm Azogues kënnt vum alspuenesche Wuert Azogue, fir Quecksëlwer, deen an der Ëmgéigend ënnerierdesch exploitéiert gouf.

Besonnesch wichteg fir d'Ekonomie vun der Stad an der Ëmgéigend sinn d'Agrikultur an den Artisanat - virun allem d'Fabrikatioun vu Panamahitt, Keramik, handgewieft Stëfter an den Handel, deen dozou gehéiert.

Bemierkenswäert sinn déi gutt erhale Kolonialarchitektur am Zentrum vun der Stad an d'Franziskanerkierch am Südosten, wou d'Virgen de la Nube (Muttergottes vun der Wollek) veréiert gëtt. Vun der Plaz um Fouss vun der Kierch aus huet een eng grandios Panoramavue iwwer d'Stad an d'Anden.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Wikipedia an der spuenescher, franséischer an däitscher Sprooch (Mee 2010).
  • Websäit vun der Stad Azogues (Mee 2010).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Azogues – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Januar 2010