Bäerbuerger Schmelz

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

D'Bäerbuerger Schmelz op der Sir an der Gemeng Manternach war am spéiden 18. a fréien 19. Joerhonnert eng traditionell Schmëdd a Schmelz zu Lëtzebuerg. Der Bäerbuerger Schmelz hir Bedeitung louch ënner anerem doran, datt d'Bridder Metz vun hei aus am 19. Joerhonnert zu de wichtegste Schmelzhäre zu Lëtzebuerg gi sinn.

D'Schmelz gouf 1755 vum Här vu Bäerbuerg, dem Jean Philippe Baron d'Arnould et de Soleuvre, gegrënnt. Si gouf duerno vum Léopold Joseph Fabert vun Nanzeg iwwerholl an 1806 ëm eng Eisespléckerei um Site « Les Rochers » erweidert.

1816 huet den Industriellen Jean-Nicolas Collart d'Schmelz kaaft a weider bedriwwen. D'Eisespléckerei goung datselwecht Joer ausser Betrib. D'Eise gouf elo a Walzwierker weiderverschafft. 1837 huet de Collart déi fréier Eisespléckerei un de Jacques Lamort verkaaft, deen ob där Plaz eng Pabeiersfabrick gebaut huet.

D'Schmelz selwer huet de Jean-Nicolas Collart am Krisejoer 1837 un d'Bridder Metz verpacht a si ass vun 1838 u vun der Société en commandite Auguste Metz & Cie bedriwwe ginn. 1842 huet den Héichuewe vun der Bäerbuerger Schmelz 700 Tonne Goss produzéiert, op eng Gesamtproduktioun am Land vu 7.300 Tonnen.

Wéi all d'Schmelze virun 1850 huet och déi Bäerbuerger Bounenäerz an Holz respektiv Holzkuele verschafft. Den Auguste Metz huet allerdéngs zu Bäerbuerg déi éischt Versich gemaach fir Minett am Héichuewen ze reduzéieren.

De Pachtvertrag gouf 1859 tëscht dem Norbert Metz an dem Charles a Jules Collart erneiert. Enn der 1860er Jore gouf d'Bäerbuerger Schmelz zougemaach. D'Bridder Metz hate schonn 1845 zu Eech eng méi modern Schmelz, déi mat Kock a Minett bedriwwe gouf, gebaut.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]