Béatrice vu Bourbon
| Béatrice vu Bourbon | |
|---|---|
|
| |
|
| |
| Gebuer | 1320er jul. |
| Gestuerwen |
23. Dezember 1383 Damvillers |
| Nationalitéit | Kinnekräich Frankräich, Kinnekräich Béimen |
| Aktivitéit | Monarchin |
| Famill | |
| Bestuet mat |
Jang de Blannen (1334–), Eudes II, Lord of Grancey |
| Mamm | Marie vum Hainaut |
| Kanner | Wenzel I. vu Lëtzebuerg |
|
| |

D'Béatrice vu Bourbon (tschechesch Beatrice Bourbonská), gebuer virun 1320, a gestuerwen den 23. Dezember 1383 zu Damvillers (deemools Herzogtum Lëtzebuerg), war déi zweet Fra vum béimesche Kinnek Johann vu Lëtzebuerg (tschechesch Jan Lucemburský).
Si gouf kuerz virun 1320 als Duechter vum franséischen Herzog Louis I. vu Bourbon a senger Fra Marie de Hainaut gebuer. Hire Papp, Herrscher iwwer d'Herzogtum Bourbon an d'Grofschafte Clermont a Marche, war ee vun deene räichste franséischen Adelegen, sou datt hie mat senger Famill zu Paräis um Haff huet dierfte wunnen. Do huet de Jang, deen zanter véier Joer Wittmann war, déi jonk Prinzessin kennegeléiert an am Dezember 1334 um Schlass vu Vincennes bestuet.
1336 koum d'Béatrice an d'Kinnekräich Béimen, virdrun huet si um Haff vun hirem Mann zu Lëtzebuerg an an der Grofschaft Hainaut gewunnt. Zu Prag gouf si d'Betreierin vun hirer Schnauer, der Blanche vu Valois, déi bal d'selwecht al war. Am Februar 1337 koum zu Prag hire Jong Wenzel (Václav) op d'Welt. Well si vum béimeschen Adel net ugeholl gouf (d'Fra vum Trounfollger war fir dee méi wichteg), ass si, no hirer Kréinung den 18. Mee 1337, op Lëtzebuerg gaangen. Do huet si sech ëm d'Erzéiung vun hirem Jong gekëmmert, an ass praktesch ni méi a Béimen hannescht gaangen.
Nom Doud vun hirem Mann an der Schluecht vu Crécy, 1346 huet hire Stéifjong, de Kinnek Karel IV. vu Béimen, hir als 'Widdem' d'Herrschaft iwwer d'Grofschaft Hainaut, d'Stied Arel, Marville an Damvillers, sou wéi 4000 Pond an d'Akommes vun de Sëlwerminne vu Kutná Hora, konfirméiert. Nom Doud vun hirem Papp krut si zousätzlech 1000 Pond vun der Stad Creil.
Ëm 1347 huet d'Béatrice sech zu Damvillers eng zweet Kéier bestuet, mam Eudes II. vu Grancey. Si krute keng Kanner.
D'Béatrice ass am Alter vu 65 Joer gestuerwen, an hat hire Jong an hir Stéifkanner iwwerlieft. Si gouf am Couvent des Jacobins zu Paräis begruewen. Hiert Grafbild ass ewell an der Basilika Saint-Denis.
An der Stad Lëtzebuerg, zu Märel, gouf eng Strooss no hir genannt.[1]
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Jaroslav Čechura: České země v letech 1310–1378. Lucemburkové na českém trůně. Praha, Libri 2005, ISBN 80-85983-73-7
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Beatrice de Bourbon – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ L-1225; Lokalisatioun op geoportail.lu.
