Béier vun Erymanthos

Vu Wikipedia
Den Herakles an den erymantesche Béier

De Béier vun Erymanthos war nieft deem vu Kalydon en Nokomme vun der Phaia.

De Béier vun Erymanthos war en zolidd Wëllschwäin, dat enorm Verwüstungen an der Géigend vum Bierg Erymanthos an Arkadien ugeriicht huet. Eng vun den 12. Aufgabe vum Herakles, bestoung doran, dëse Béier, op Uerder vum Kinnek Eurystheus, lieweg ze fänken an op Mykene ze bréngen.

Den Herakles huet de Béier aus dem Gestrëpp, wou e gelieft huet, erausgedriwwen. Doropshin huet en d'Béischt déif an e Schnéifeld gedriwwe bis et vu Middegkeet an d'Gette goung. Den Herakles huet de Béier dunn op Mykene bruecht, wou sech de Kinnek beim Ubléck vum Herakles mam Béier an engem Faass verstoppt huet.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Erymanthian Boar – Biller, Videoen oder Audiodateien