Bëlleger Baach

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Bëllegerbaach)
Bëlleger Baach
Längt 2.000 m
Hydrographesche
Baseng
Rhäin
Originn
Originn Zesummefloss
Héicht 315 m
Konfluenz
Leeft an Schwaarz Iernz
Plaz Mëllerdall
Héicht 215 m
Geographie
Land Lëtzebuerg
Regioun Mëllerdall

D'Bëlleger Baach ass eng kleng Baach am Oste vu Lëtzebuerg an der Gemeng Waldbëlleg.

D'Baach déi eng Längt vu ronn 2.000 Meter huet entsteet aus dem Zesummefloss zu Waldbëlleg vun zwou Baachen ouni Numm (déi eng entspréngt op Kilker op enger Héicht vun 325 Meter (NG-L), déi aner tëscht Hiirdegaarden a Pëtz op enger Héicht vun 315 Meter).

Si leeft dann e puer honnert Meter no Süde fir dann no Osten a Richtung Mëllerdall ze dréinen.

Um leschten Drëttel vun hirem Laf ass se tëscht Bëscher an enger Griecht agekesselt, vir 300 Meter virum Mëllerdall, op enger Héicht vun 215 Meter an d'Schwaarz Iernz ze lafen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]