Bësch vu Chantilly
|
| |
| Lokalisatioun | |
|---|---|
| Land | Frankräich |
| Gemeng | Apremont, Avilly-Saint-Léonard, Chantilly, La Chapelle-en-Serval, Coye-la-Forêt, Fontaine-Chaalis, Lamorlaye, Orry-la-Ville, Pontarmé, Saint-Maximin, Senlis, Thiers-sur-Thève, Vineuil-Saint-Firmin, Asnières-sur-Oise, Chaumontel, Luzarches |
| Koordinaten | 49°10'30"N, 2°30'45"O |
| Fläch | 6.344 ha |

De Bësch vu Chantilly (franséisch: Forêt de Chantilly) ass e 6.344 Hektar grousse Bësch, ongeféier 36 Kilometer nërdlech vu Paräis. En erstreckt sech iwwer déi zwee Departementer Oise a Val-d'Oise. Am Gebitt vum Bësch leie 15 Gemengen.
Zënter dem Mëttelalter huet de Bësch den Häre vu Chantilly gehéiert. Zënter 1987 ass en am Besëtz vum Institut de France a steet ënner Naturschutz. E gëtt vum Office national des forêts geréiert. E besteet zu 48 % aus Eechen, zu 12 % aus Fatzegen Dännen an zu 9 % aus Routbuchen.
Deeler vum Bësch gehéieren zum Natura-2000-Reseau. Gläichzäiteg stinn am Bësch sechs Gebaier ënner Denkmalschutz. Weiderhi ginn am Bësch Klappjuegten organiséiert. E gëtt och fir den Training vu Rennpäerd benotzt.
Zesumme mam Bësch vun Halatte a mam Bësch vun Ermenonville gehéiert en zum Dräi-Bëscher-Massiv.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Bësch vu Chantilly – Biller, Videoen oder Audiodateien |