Bhimrao Ramji Ambedkar
| Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Bhimrao Ramji Ambedkar | |
|---|---|
|
| |
| Gebuertsnumm | Bhīvā Rāmjī Sakpāḷ, भीवा रामजी सकपाळ |
| Gebuer | 14. Abrëll 1891 |
| Gestuerwen |
6. Dezember 1956 Nei-Delhi |
| Doudesursaach | Krankheet |
| Nationalitéit | Brittesch-Indien, Indien |
| Educatioun |
Columbia University, London School of Economics |
| Aktivitéit | Ekonomist, Politiker, Barrister, Jurist, Soziolog, Anthropolog, Pedagog, Schrëftsteller, Philosoph, social reformer, Journalist, Revolutionär, Professer, Politolog, Riedner, Historiker, Biergerrechtler, Humanitarier, Mënscherechtler, Erzéiungswëssenschaftler, Friddensaktivist, Autobiograph, Politesche Schrëftsteller, Theolog, Moler, Fraerechtler, Essayist |
| Fonctioun | President vum Verwaltungsrot, Aarbechtsminister |
| Gielercher | Bharat Ratna, Éierendokter vun der Universitéit vu Columbia |
| Bestuet mat |
Ramabai Ambedkar (4.4.1906–27.5.1935), Savita Ambedkar (15.4.1948–6.12.1956) |
|
| |
Bhimrao Ramji Ambedkar, gebuer de 14. Abrëll 1891, a gestuerwen de 6. Dezember 1956, och bekannt als Dr. Babasaheb Ambedkar, war en indesche Jurist, Ekonomist, Politiker a Sozialreformer. Hien huet d'Dalit Buddhist Beweegung inspiréiert a sech géint déi sozial Diskriminatioun vun de sougenannten Onberéierbaren (Dalits) agesat. Hien huet och d'Rechter vun de Fraen an den Aarbechter ënnerstëtzt. Hie war den éischte Minister fir Gesetz a Justiz vum onofhängegen Indien, den Architekt vun der Indescher Verfassung, a gëllt als de Grënnungspapp vun der Republik Indien.[1][2][3][4][5]
Liewen
[änneren | Quelltext änneren]1956 huet hien eng Massekonversioun vu ronn 600.000 Dalits zum Buddhismus initiéiert an domat de Buddhismus an Indien erëmbelieft. Den Ambedkar gëtt als Bodhisattva ugesinn, a vun de Navayana-Buddhisten als d'Maitreya.[6][7][8]
Éierungen
[änneren | Quelltext änneren]1990 gouf de Bharat Ratna, déi héchst zivil Auszeechnung vun Indien, posthum un den Ambedkar verginn. No sengem Doud gouf a Form vun enger ganz Rëtsch Monumenter a Biller un hien erënnert, absënns an der populärer Kultur. Och als gesellschaftspolitesche Reformator hat hien en déiwen Effekt op dat modernt Indien.
2012, an enger Ëmfro vun der Geschichtstelevisiounschaîne TV18 a vun CNN IBN gouf den Ambedkar zum "Gréissten Inder" (The greatest Indian) gewielt.[9]
Ambedkar Jayanti ("dem Ambedkar säi Gebuertsdag") ass e jäerlecht Fest dat de 14. Abrëll an Indien, ma och uechter d'Welt, gefeiert gëtt. An Indien ass Ambedkar Jayanti en offizielle Feierdag.[10][11][12] D'Vereenten Natiounen hunn Ambedkar Jayanti am Joer 2016, 2017 an 2018 gefeiert.[13][14][15]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Bhimrao Ramji Ambedkar – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Bhimrao Ambedkar
- ↑ Ambedkar Jayanti 2019: Facts on Babasaheb to share with kids | Parenting News,The Indian Express
- ↑ How India's Most Downtrodden Embraced the Power of Statues Archivéiert de 26.10.2020. Gekuckt den 09.11.2020.
- ↑ Bhimrao Ramji Ambedkar | Biography, Books, & Facts | Britannica
- ↑ All You Need To Know About BR Ambedkar On His 129th Birth Anniversary
- ↑ https://theprint.in/opinion/why-ambedkar-chose-buddhism-over-hinduism-islam-christianity/237599/
- ↑ https://indianexpress.com/article/explained/buddha-purnima-special-why-ambedkar-coverted-to-buddhism-6397742/
- ↑ https://www.thequint.com/news/india/br-ambedkar-conversion-to-buddhism
- ↑ https://www.outlookindia.com/magazine/story/a-measure-of-the-man/281949
- ↑ Ambedkar Jayanti from ccis.nic.in on 19 March 2015
- ↑ http://persmin.gov.in/ Webpage of Ministry of Personnel and Public Grievance & Pension
- ↑ 125th Dr. Ambedkar Birthday Celebrations Around the World. mea.gov.in
- ↑ Ambedkar Jayanti celebrated for the first time outside India as UN organises special event - Firstpost. firstpost.com. Gekuckt den 09.11.2018.
- ↑ UN celebrates Ambedkar's legacy 'fighting inequality, inspiring inclusion'. The New Indian Express. Gekuckt den 09.11.2018.
- ↑ (en) संयुक्त राष्ट्र में मनाई गई डॉ. बाबासाहेब भीमराव आंबेडकर जयंती - News State. newsstate.com Archivéiert den 19.04.2019. Gekuckt den 09.11.2018.
