BBC Etzella Ettelbréck

Vu Wikipedia
Logo vun der Etzella Ettelbréck

De BBC Etzella Ettelbréck ass e Basketballclub vun Ettelbréck, deen 1934 gegrënnt gouf. Et ass ee vun den eelsten an den erfollegräichste lëtzebuergesche Basketballclub.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Association sportive Catholique Ettelbruck (ASCE) ass de 5. August 1934 gegrënnt ginn. Dat éischt Spill war den 30. September 1934 géint Klierf, dat d'Etzella mat 4-21 verluer huet. Wärend dem Zweete Weltkrich ass zu Ettelbréck kee Basket gespillt ginn, a well et nom Krich un allem gefeelt huet ass d'ASCE mam Foussballclub FC Etzella Ettelbréck fusionéiert.[1]

Schonn 1946 konnt sech de Veräin als Zweetplacéierten hannert Miersch an der 2. Divisioun behaapten. 1949 ass en dunn an déi 1. Divisioun opgestigen. Zwee Joer drop sinn de Basketballclub an de Foussballclub nees getrennte Weeër gaangen.[1]

Den éischte richtege Succès hat d'Etzella 1954, wéi si d'Coupe de la Souveraine gewonnen huet. 1955 an 1956 dunn huet de Veräin d'Meeschterschaft an d'Coupe de Luxembourg gewonnen, an den 22. Februar 1958 huet en den alleréischte Match an der Europacoupe géint Royal IV Bréissel gespillt. Och an den 1960er an 1970er ass e reegelméisseg Champion ginn. D'Dammenekipp ass 1971 gegrënnt ginn. An den 1980er hat de Basketclub mat finanzielle Problemer ze kämpfen a war manner erfollegräich.[1]

De Fanclub vun der Etzella ass 1989 gegrënnt ginn. Ufank der 1990er ass de Succès erëmkomm an 1991 konnten d'Hären d'Coupe an d'Dammen d'Coupe an d'Meeschterschaft gewannen.

Zënter 1989 organiséiert d'Etzella den Challenge John Murphy, benannt nom amerikanesche Spiller John Murphy, dee vun 1979 bis 1984 erfollegräich fir Ettelbréck gespillt huet.[1]

Palmarès[änneren | Quelltext änneren]

Hären[änneren | Quelltext änneren]

  • 15x Gewënner vun der Landesmeeschterschaft (1955, 1956, 1957, 1961, 1962, 1963, 1964, 1965, 1970, 1972, 1992, 1999, 2003, 2006, 2019)
  • 24x Gewënner vun der Coupe de Luxembourg (1955, 1956, 1957, 1961, 1962, 1963, 1964, 1965, 1966, 1969, 1972, 1976, 1982, 1991, 1992, 1999, 2002, 2003, 2005, 2006, 2007, 2008, 2011, 2019)

Dammen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 de Reider 52 (Informatiounsblat vun der Gemeng Ettelbréck): 1934-2009 Etzella Ettelbrück, eine 75jährige Erfolgsgeschichte