Baarle-Hertog

Vu Wikipedia
Baarle-Hertog
Land Belsch
Regioun Flandern
Communautéit Flämesch Communautéit
Provënz Antwerpen
Arrondissement Turnhout
Awunner 2.865 (1. Januar 2020)
Fläch 748
Koordinaten 51° 26’ 00’’ N
      04° 55’ 00’’ O
Telefonszon 014
Postcode 2387
Websäit https://www.baarle-hertog.be/

Baarle-Hertog ass eng belsch Gemeng an der Provënz Antwerpen.

Haus am Chaamseweg zu Baarle: D'Grenz - um Buedem markéiert - geet queesch duerch d'Haus. D'Garage ass an der Belsch, d'Entreesdier an Holland.

Baarle-Hertog ass bekannt fir seng komplizéiert Grenze mat Baarle-Nassau an Holland. Et besteet nämlech aus 24 separaten Terrainen. Ausser der Uertschaft, Zondereigen, nërdlech vun der belscher Uertschaft Merksplas, déi keng Exklav ass, gëtt et 20 belsch Exklaven an Holland an 3 aner Stécker op der belsch-hollännescher Grenz. Fir d'Saach nach méi komplizéiert ze maachen, gëtt et an de belschen Exklaven nach eng Kéier am Ganze 7 hollännesch Exklaven, 6 dovun an der gréisster belscher, an eng ganz am belschen Territoire. E klenge Wutz am Süde vu ronn 19 ha huet nëmmen eng e puer Meter breet Verbindung mat Holland.

Déi verwurelt Grenzzéiung geet bis an d'Mëttelalter zeréck, wou engersäits den Herzog vum Brabant an anerersäits den Här vu Breda Herrscher iwwer eenzel Parzellen an Häff an deem Streech waren. 1843, wéi d'Grenz tëscht Holland an der nei gegrënnter Belsch gezu goufen, ass ee sech net eens ginn, wéi se do sollt verlafen. Dofir ass Parzell fir Parzell, dorënner der vun net emol engem Ar, gekuckt ginn, weem déi historesch emol eng Kéier gehéiert haten. Déi Situatioun ass bis haut, mat minimale Justéierungen, onverännert bliwwen.

Sou kënnt et, datt haut d'Grenzen alt queesch duerch d'Haiser ginn. D'Lag vun der Hausdier bestëmmt dann, a wat fir engem Land d'Haus steet. Kleng Fändelen nieft der Hausnummer maachen et engem méi einfach, ze wëssen, a wat fir engem Land ee grad ass. Et heescht, datt et alt virkoum, datt, wann d'Steiergesetzer an engem Land zum Nodeel vum Bewunner geännert hunn, d'Hausdier einfach versat gouf. Och Bistroen, op der Grenz, hu vun dëser Situatioun profitéiert: wéi an Holland d'Bistroen éischter hu missen zoumaache wéi an der Belsch, sinn d'Clienten einfach op en aneren Dësch geplënnert.

Déi eenzegaarteg Situatioun lackelt eng jett Touristen an déi zwou Uertschaften un.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Louis Malvoz, Baerle-Duc et Baerle-Nassau: Trente-quatre territoires pour deux communes ; in: Bulletin trimestriel du Crédit communal de Belgique, Nr. 155 (Januar 1986); Ss. 3-58 (ill.).
  • Dominique Seytre, Une vie en pointillé: Baarle-Hertog, les enclaves belges des Pays-Bas ; in: Le Jeudi, Ausgab vum 29. Dezember 2011 - 4. Januar 2012; S. 30.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Baarle-Hertog – Biller, Videoen oder Audiodateien