Badanstalt (Stad Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
Badanstalt
Vue laanscht de Boulevard Royal
Land Lëtzebuerg
Adress 12, Rue des Bains
Koordinaten 49° 36’ ’’ N 06° 07’ ’’ E
Architekt(en) Pierre Funck (1)
Jean-François Eydt (1)
Alphonse Kemp (2)
Datum vum Bau 1873-1875 (1)
1906-1910 (2)
Proprietär Stad Lëtzebuerg

D'Badanstalt, offiziell Centre de relaxation aquatique "Badanstalt", ass eng ëffentlech Schwämm an der Biedergaass, déi vun der Stad Lëtzebuerg bedriwwe gëtt.

D'Installatioune bestinn aus engem mëttelgrousse Schwammbaseng mat Whirlpoolen a Waasserstrutz, zwou Saunakabinnen, engem tierkesche Bad, engem Fitnessraum, Duschen a Buedbidden, an engem Solarium.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

D'Badanstalt gouf vun 1906-1910 no de Pläng vum Architekt Alphonse Kemp gebaut an huet bis haut, trotz grousse Renovatiounen hiren äusserleche Charakter mat der Fassad am Jugendstil behalen.

Schonn 1873 gouf et op der selwechter Plaz eng ëffentlech Schwämm. Dat deemolgegt Gebai gouf vum Architekt Pierre Funck, zesumme mat sengem Schwéierpapp, dem Architekt Jean-François Eydt, vun 1873 bis 1875 gebaut.[1]

Bis 1950 war d'Badanstalt déi eenzeg iwwerdeckt Schwämm am Land, mat Ausnam vun de Bieder vu Munneref. Nieft dem Basseng gouf et och eng Galerie, wou bis zu 200 Spectateure Plaz haten.

Déi lescht grouss Renovatioun vun 1990-1992 vun den Architekte Romain Hoffmann a Carlo Schemel huet aus der fréierer Schwämm e richtege "Centre aquatique" mat Saunaen an aner Wellnessberäicher gemaach.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Badanstalt – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Les architectes de la ville 1817-1987: Jemp Kunnert ons stad 24/1987, 1987.