Bagger

E Bagger ass eng Maschinn an e Gefier. En déngt dozou, ze gruewen a Material wéi Buedem oder Steng ze beweegen. E gëtt haaptsächlech op Chantieren an a Steebréch agesat.
Den hënneschten, ieweschten Deel vum Bagger besteet meeschtens aus enger Kabinn, an där de Chauffer sëtzt an d'Maschinn steiert; dem Motor; der Hydraulik, déi déi ganz Beweegungen erméiglecht; an dem Géigegewiicht, dat d'Stabilitéit beim Schaffe garantéiert.
Do drënner ass d'Fuerwierk mat de Rieder, déi dat ganzt hin- an hierbeweegen. Déi Rieder kënne Pneue mat Loft sinn oder op Kette sëtzen, déi méi stabil sinn an d'Gewiicht besser verdeelen.
De viischten Deel um Bagger gëtt fir d'Schaffe gebraucht: den Aarm, un deem dacks eng Schëpp hänkt. Den Aarm an d'Schëpp si beweeglech. Mat der Schëpp gëtt gegruewen a Material an d'Luucht gehuewen, fir et dann op eng aner Plaz ze transportéieren.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Bagger – Biller, Videoen oder Audiodateien |