Bailly (Moundkrater)

Vu Wikipedia
Bailly
Koordinaten 66°48'S, 68°54'W
Duerchmiesser 300,56 km
Déift 4.130 m
Selenographesch Längt 65° bei Sonnenopgank
Genannt no J. S. Bailly
Genannt am Joer 1935
Moundvéiereck LQ30


De Moundkrater Bailly (Foto: Clementine)

De Moundkrater Bailly ass mat 300 km Duerchmiesser eng vun de gréisste Rankbierger um Äerdmound. Si ass nom franséischen Astronom a Paräisser Buergermeeschter Jean-Sylvain Bailly (1736–1793) genannt, deen d'Drëpsephenomeen beim Venusduerchgang entdeckt hat.

De kreesronne Krater läit no beim südwestleche Moundrand, soudatt e bei gëeegentem Liichtafall als ganz schmuel Ellips (ongeféier 1:10) erschéngt, an där méi kleng Sekundärkratere leien. Wann e bei extreemer Libratioun nach méi no bei de Moundrand réckelt, ass en am Kraterduerchenee vum Héichland heiansdo net auszemaachen, bei gënschteger Libratioun och nëmmen am Verhältnes 1:4 verzunn.

De Grousskrater ass nëmmen ongeféier 20° vum Südpol ewech, déi selenographesch Breet vun der Kratermëtt ass 66° 31' Süd, an d'Längt ass 69° 32' West.

Lëscht vun den Niewekrateren
Buschtaf/Numm Positioun Duerchmiesser Link
A 69,26° S, 59,66° W7 43 km [1]
B 68,73° S, 63,24° W7 62 km [2]
C 65,8° S, 70,31° W7 19 km [3]
D 65,24° S, 72,39° W7 27 km [4]
E 62,5° S, 65,81° W7 14 km [5]
F 67,46° S, 69,63° W7 17 km [6]
G 65,66° S, 59,57° W7 19 km [7]
H 63,62° S, 62,71° W7 12 km [8]
K 62,73° S, 76,71° W7 19 km [9]
L 60,75° S, 71,09° W7 21 km [10]
M 61,16° S, 67,58° W7 21 km [11]
N 60,55° S, 63,65° W7 10 km [12]
O 69,58° S, 56,99° W7 19 km [13]
P 59,57° S, 60,65° W7 14 km [14]
R 64,64° S, 79,03° W7 17 km [15]
T 66,57° S, 74,04° W7 19 km [16]
U 71,24° S, 76,1° W7 23 km [17]
V 71,91° S, 81,45° W7 32 km [18]
Y 61,05° S, 65,6° W7 14 km [19]
Z 60,22° S, 65,86° W7 13 km [20]

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bailly – Biller, Videoen oder Audiodateien