Baily Pärelen

Vu Wikipedia
Baily-Pärelen

D'Baily Pärelen (engl. Baily's Beads), och Pärelschnouerphenomeen genannt, sinn en optesche Phenomeen, dee bei enger totaler oder rankfërmeger Sonnendäischtert observéiert ka ginn. Et gouf et fir d'éischt vum engleschen Astronom Francis Baily am Joer 1836 beschriwwen.

Dee Phenomeen entsteet duerch d'Denivellatiounen op der Äerdmounduewerfläch. Kuerz vir an no der totaler Däischtert liicht d'Sonn duerch d'Däller tëscht de Moundbierger. Fir e puer Sekonnen triede Liichtpunkten um Moundrand op, déi wéi Pärelen op enger Schnouer opgereit sinn. Als besonnesche Fall entsteet duerch en eenzele Liichtpunkt den "Diamanterank", ongeféier wéi op der Foto niewendrun.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]