Ballast (Eisebunn)

Vu Wikipedia
Bëtongs Monoblocschwellen am Ballast

De Ballast op der Eisebunn ass geduecht fir d'Schwellen ze droen an ze stabiliséieren a sou d'Gleis korrekt ze droen.

De Ballast besteet normalerweis aus engem Granulat vu gebrachenem Fielsgestengs dat gesënnert ass an Déckte vu 4 bis 10 Zentimeter huet. Et ass wichteg datt d'Proportioune vun de verschiddenen Déckten ëmmer déi selwecht sinn, fir datt se sech am beschte verdeelen a kompaktéieren. Gebrache Steng mat schaarfe Kante ginn déi bescht Resultater. D'Héicht vum Ballast déi tëscht 10 a 35 cm variéiere kann, hänkt gréisstendeels vun den Eegenschafte vun der Eisebunnsstreck of. E muss eng gutt Stabilitéit mat enger gewësser Elastizitéit kombinéieren. Doriwwer eraus hëlleft en d'Gleisbett ze drainéieren.