Ballon d'Alsace

Vu Wikipedia
Vue op de Ballon d'Alsace

De Ballon d'Alsace ass en 1.247 Meter héije Bierg am südlechen Deel vum Massif vun de Vogesen. E läit op der Grenz vun der Regioun Grand Est an der Bourgogne-Franche-Comté, an um Territoire vu 4 Gemengen a vu 4 Departementer an zwar:

Et ass eng vun de Plazen a Frankräich mat dem meeschten Nidderschlag.

D'Strooss déi den Dall vun der Musel am Norden, mat den Däller vun der Savoureuse am Süden an der Doller am Oste verbënnt, féiert net wäit vun der Spëtz iwwer en 1.171 Meter héije Col.

De Ballon d'Alsace war den 10. Juli 1905 den éischte Col dee bis dunn am Tour de France huet misse gefuer ginn. Deen éischte Coureur op der Kopp grad wéi dat Joer duerno war de René Pottier. 100 Joer duerno stoung en erëm beim Tour de France 2005 an der 9. Etapp um Programm.

Laanscht d'Strooss steet e Monument dat vum Henri Desgranges als Erënnerung un de René Pottier opgeriicht gouf.