Baluran-Nationalpark

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Geographesch Koordinaten:
Wëld bei Bama Point
E Waasserbüffel an der Bekol Savann

De Baluran-Nationalpark ass en Nationalpark op der Insel Java, an der indonesescher Provënz Ost-Java, um nord-ëstleche Wupp vun der Insel, no bei den Insele Bali and Madura. En ass eng 250 km² grouss a gouf 1980 gegrënnt.

Den héchste Punkt am Park ass de Mount Baluran (1.247 Meter), e fréiere Vulkan. 40 % vum Park sinn tropesch Reebëscher mat Mangroven, Séisswaassersumpfen a Küsteëscher, virun allem am Süde vum Park ronderëm de Gunung Bauran. Den nërdlechen Deel huet eng Savannelandschaft.

Flora a Fauna[änneren | Quelltext änneren]

Et goufen iwwer 440 Planzenaarten do nogewisen, sou wéi 26 Mamendéierenaarten, dorënner de Banteng, de Waasserbüffel an de Leopard, an 150 Vullenaarten.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Baluran National Park – Biller, Videoen oder Audiodateien