Band (Anatomie)

An der Anatomie ass e Band (Méizuel: Bänner) oder Ligament (vum lat.: Ligamentum, oder Ligamenta an der Méizuel) eng Struktur, déi Schanke mat anere Schanken oder mat Knorpel verbënnt. Si ass méi oder manner Flaach a besteet aus Kollageen-Faseren (Bindegeweebe), déi an eng bestëmmt Richtung verlafen.
Bänner leien ëm d'Schankesegmenter vun de Gelenker. Jee no Beweegungsmuster vum jeeweilege Gelenk kënne si an d'Gelenkkapsel agebett sinn oder dobausse leien. D'Funktioun vun de Bänner besteet an éischter Linn doran, d'Gelenkbeweegungen ze féieren an ze stabiliséieren. Ligamenter kënne Beweegungen awer och aschränken, besonnesch wann d'Muskulatur ronderëm schwaach ass oder net richteg funktionéiert.
Wann e Schankesegment mat iwwerméisseger Kraaft oder an déi falsch Richtung beweegt gëtt, kann e Band beschiedegt ginn. Dat geschitt beispillsweis bei enger Verstauchung. Wann e Band iwwerdeent, kann et räissen. Rëss kënnen entweeder an der Mëtt vum Band oder op där Plaz optriede, op där et un der Schank usetzt. An de meeschte Fäll räisst e Band net vollstänneg, mee nëmmen deelweis. Well Bänner schlecht duerchblutt sinn, heelt e vollstänneg gerassent Band an der Reegel net vu sech selwer an erfuerdert méiglecherweis eng medezinesch Behandlung.
Verschidde Bänner, wéi beispillsweis déi an der Wierbelsail, besonnesch déi vun den Halswirbelen, sinn elastesch an erméiglechen esou eng méi grouss Beweegungsfräiheet.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Band (Anatomie) – Biller, Videoen oder Audiodateien |