Banque commerciale (Lëtzebuerg)
| Dësen Ekonomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Banque commerciale | |
|---|---|
|
Gebai 22-24 bd Royal, dat d'Banque commerciale Enn vun den 1960er Jore vum Paul Retter baue gelooss huet an an deem méi spéit d'Banque générale dra war. | |
| Typ | Société anonyme (Lëtzebuerg) |
| Grënnungsdatum | 28. Mee 1921 |
| Adress | 33 bd Royal |
| Sëtz | Lëtzebuerg |
| Branche | Finanzen |
|
| |
D'Banque commerciale war eng lëtzebuergesch Bank, déi den 28. Mee 1921 vun enger Grupp vu Banquiere gegrënnt gouf[1]. Ënnert de Matgrënner waren den Erwin Lindenlaub (Lëtzebuerg), e gewëssen Deher (Frankfurt), Werthaner (Bréissel), Bloch (Landau) an den Auguste Rother (Maartel) an d'Startkapital louch bei 500.000 Frang[2].
Uganks 1922 huet d'Bank d'Haus 33 um Boulevard Royal, um Eck mat der Avenue Amélie kaaft[3], fir do hire Sëtz anzeriichten. Ëm déi Zäit ass d'Kapital och op annerhallwe Millioun Frang erhéicht ginn[2].
An der Tëschekrichszäit war d'Bank ee wichtegen Acteur um Holdingsmarché. 1928 gouf se ee vun de (klengen) Grënnungsaktionäre vun der lëtzebuergescher Bourse (200 vu 7000 Aktien)[4]. 1939 war si och ee vun de Grënnungsmembere vun der ABBL. 1940 hat se sechs Agencen zu Lëtzebuerg. Wärend dem Zweete Weltkrich gouf se net liquidéiert, obschonn de Besatzer s'als jiddesch definéiert huet mä si huet treuhänderesch viru fonctionéiert[5]. Am leschte Joer vun der Besatzung gouf si dann der BGL zougeschloen.
Nom Zweete Weltkrich huet se hir Aktivitéiten erëm als onofhängeg Bank opgeholl. Um Enn vun den 1960er Joren huet d'Bank um Eck vum Boulevard Royal an der Avenue Monterey en neit Bürosgebai vum Paul Retter baue gelooss[6]; méi spéit huet d'Banque générale et iwwerholl.
Am Ufank vun den 1970er Joren ass d'Banque commerciale vun der Banque nationale de Paris (BNP) an der BIL opkaaft ginn[7][8]. 1980 huet se hiren Numm a Banque nationale de Paris (Luxembourg) S.A. ëmgeännert[9].
Presidenten
[änneren | Quelltext änneren]- Eugène-Jacques Franck (1921 – …)
- …
- Louis Ackermann (1940er – 1950er Joren)
- Emile-Werner Frank (1960er Joren)
- …
- Ady Colas (1971 – …)[10]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Gilbert Trausch et Marianne de Vreese, Luxembourg et les banques: de la révolution industrielle au 7e centre financier mondial, Luxembourg, Banque Indosuez, 1995, S. 35.
- 1 2 (fr) Augmentation de capital S. 2. L'indépendance luxembourgeoise, 52. Jg., nº 81, Digitised by the National Library of Luxembourg (22.03.1922). Gekuckt den 11.01.2026.
- ↑ (de) Chronique immobilière S. 1. L'indépendance luxembourgeoise, 52. Jg., nº 102, Digitised by the National Library of Luxembourg (12.04.1922). Gekuckt den 11.01.2026.
- ↑ Gilbert Trausch et Marianne de Vreese, Luxembourg et les banques: de la révolution industrielle au 7e centre financier mondial, Luxembourg, Banque Indosuez, 1995, S. 77.
- ↑ Hans-Erich Volkmann, Luxemburg im Zeichen des Hakenkreuzes : eine politische Wirtschaftsgeschichte 1933 bis 1944, Paderborn, Schöningh, 2010, S. 285.
- ↑ (fr) Publicité 53 S. 23. Luxemburger Wort, 123. Jg., n° 295, Digitised by the National Library of Luxembourg (22.10.1970). Gekuckt den 11.01.2026.
- ↑ Ulrich Meier, Struktur des Bankwesens in Luxemburg, 2., Aufl.., Frankfurt a.M, Knapp, 1976, S. 61.
- ↑ (fr) Banque Commerciale S.A. S. 7. d'Letzeburger Land, 19. Jg., nº 36, Digitised by the National Library of Luxembourg (01.09.1972). Gekuckt den 11.01.2026.
- ↑ « Banque Commerciale unter neuem Namen », Luxemburger Wort, 4.12.1980, S. 23.
- ↑ (fr) BANQUE COMMERCIALE S.A. S. 6. d'Letzeburger Land, 18. Jg., nº 21, Digitised by the National Library of Luxembourg (21.05.1971). Gekuckt den 11.01.2026.
