Op den Inhalt sprangen

BGL BNP Paribas

Vu Wikipedia
BGL BNP Paribas
D'Gebai vun der BGL BNP Paribas um Boulevard Royal
an der Stad Lëtzebuerg, ier et 2016 ofgerappt gouf.
Typ Société anonyme
Grënnungsdatum 1919
Grënner Société générale de Belgique
Sëtz 50, Avenue J.F. Kennedy
2951 Lëtzebuerg
Besëtzer BNP Paribas
Generaldirekter Nicolas Otton >01.01.2026
Branche Bankservicer
Homepage www.bnpparibas.lu

D'BGL BNP Paribas ass eng Bank a Form vun enger lëtzebuergescher Société anonyme.

Si gouf 1919 als Banque générale du Luxembourg (BGL; Generalbank) gegrënnt. Am Ufank hat d'Bank Agencen zu Arel, Baaschtnech, Virton, Florenville an an der Stad Lëtzebuerg. Eréischt an den 1930er Jore gëtt d'BGL eng Bank, déi haaptsächlech zu Lëtzebuerg present ass.[1] 1935 gëtt s'eng Gesellschaft no Lëtzebuerger Recht. Dat selwecht Joer grënnt d'BGL Cofhylux fir ënner anerem hir Immobilien ze verwalten.[2] Nom Zweete Weltkrich kennt d'BGL dann eng rasant Entwécklung, déi een ënner anerem beim Personal gesäit

Employéë bei der BGL[3]
Joer 1962 1970 1987 2000 2010 2019
Total 354 656 1647 2440 2742 2375
dovunner Fraen 110 247 673 1181

Deen éischte Kollektivvertrag bei der BGL gëtt 1967 ënnerschriwwen.

Am Joer 2000 ass si vun der Fortis-Grupp iwwerholl ginn, déi awer duerch d'Finanzkris am Joer 2008 zäitweis vum belschen a lëtzebuergesche Staat iwwerholl gouf.

De 5. Oktober 2008 hunn déi belsch a lëtzebuergesch Regierungen decidéiert, datt déi franséisch BNP Paribas Bank duerch Investitioun vu 14,5 Milliarden Euro déi belsch an déi lëtzebuergesch Fortis-Filialen iwwerhuele sollt.

An Erwaardung vun der Ofwécklung vum Geschäft mat BNP Paribas huet d'Fortis Bank Lëtzebuerg den Numm gewiesselt an nees ënner dem fréieren Numm BGL weidergeschafft.

Am Mee 2009 gouf BNP Paribas mat 65,96 % vum Kapital den Haaptaktionär vun der BGL. De Lëtzebuerger Staat ass mat 34 % vum Kapital Aktionär bliwwen. Mat Wierkung vum 21. September 2009 huet d'BGL den Numm g'ännert an huet vun do un als BGL BNP Paribas geschafft.

Am Februar 2010 gouf BNP Paribas zu 100 % Aktionär. No der formaljuristescher Fusioun den 1. Oktober 2010 gouf den 30. Oktober als Ofschloss den Transfert vun den Aktivitéite vu BNP Paribas Luxembourg S.A. op déi technesch an operationell Plattform vu BGL BNP Paribas gemaach.

BGL BNP Paribas ass mat 3.830 Employéen de gréisste Patron op der Finanzplaz Lëtzebuerg an den zweetgréisste private Patron.[4] 2022 louch den Nettogewënn bei 408,1 Mio. Euro.

De President vum Exekutiv-Comité (Generaldirekter) war vun 2005 bis Juli 2018 de Carlo Thill, duerno huet de Geoffroy Bazin déi Funktioun iwwerholl, bis deen am Juli 2020 zeréckgetrueden ass. Seng Nofolleg gouf vun der Béatrice Belorgey iwwerholl[5], déi hirersäits den 1. Januar 2026 vum Nicolas Otton ofgeléist gouf[6].

Presidente vum Verwaltungsrot[7]

[änneren | Quelltext änneren]
  • Edouard de Brabander (1919-1932)
  • Charles Fabri (1932-1938)
  • Willy de Munck (1938-1943)
  • Hermann Josef Abs (1943-1944)
  • Willy de Munck (1944-1959)
  • Fernand Puissant Baeyens (1959-1962)
  • Alphonse Weicker (1963-1970)
  • Georges Schwall (1970-1987)
  • Georges Arendt (1987-1993)
  • Marcel Mart (1993-2005)
  • Jean Meyer (2005-2008)
  • Gaston Reinesch (2008-2012)
  • Georges Heinrich (2012-2014)
  • Etienne Reuter (2014-2025)
  • Bob Kieffer (2025-)

Generaldirekteren[8]

[änneren | Quelltext änneren]
  • Franz Ginsbach (1919-1941)
  • Carlo Turk (1945-1956)
  • Jean-Jacques Welbes (1956-1968)
  • Georges Arendt (1984-1987)[9]
  • Alain Georges (1987-2000)
  • Jean Meyer (2000-2005)
  • Carlo Thill (2005-2018)
  • Geoffroy Bazin (2018-2020)
  • Béatrice Belorgey (2020-2025)
  • Nicolas Otton (2026-)
 Commons: BGL BNP Paribas – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Agences - BGL. L'histoire d'un siècle. Gekuckt de 15-12-2025.
  2. Ligne du temps - BGL. L'histoire d'un siècle. Gekuckt de 15-12-2025.
  3. Le personnel - BGL. L'histoire d'un siècle. Gekuckt de 15-12-2025.
  4. "Überblick" op bgl.lu (gekuckt: 23.01.2013).
  5. (lb) Mam Béatrice Belorgey eng nei Spëtzt bei der BGL BNP Paribas. rtl.lu (10.07.2020). Gekuckt den 10.07.2020.
  6. (de) Wechsel an der Spitze der BGL BNP Paribas. Luxemburger Wort (03.11.2025). Gekuckt den 03.11.2025.
  7. Trausch G. (dir.), Belgique – Luxembourg: les relations belgo-luxembourgeoises et la Banque générale du Luxembourg (1919-1994)., Luxembourg, Imprimerie Centrale, 1995, p. 427.
  8. Vun 1919 bis 1968: Carlo Hemmer, Banque Générale du Luxembourg 50, 1919-1969, Luxembourg, Banque Générale du Luxembourg, 1969, S. 164.
  9. Georges Arend an der Zäitschrëft d'Lëtzebuerger Land vum 17. Abrëll 1987, Säit 2