Bank of Credit and Commerce International

Vu Wikipedia
Bank of Credit and Commerce
International (BCCI)
Typ Société anonyme
Grënnungsdatum 21. September 1972
Sëtz 39 bd Royal
Lëtzebuerg[1]
Branche Bankservicer

D'Bank of Credit and Commerce International (BCCI) war eng international Bank zu Lëtzebuerg, déi 1972 vum Pakistaner Agha Hasan Abedi gegrënnt gouf. Se hat Haaptagencen zu London an zu Karachi. Um Héichpunkt vun hirer Geschicht hat d'Bank iwwer 400 Succursallen an 78 Länner, mat Depoten an Héicht vun ca. 25 Milliarden US-Dollar.

Am Joer 1991 ass d'BCCI an de Mëttelpunkt vum bis dohi gréissten internationale Finanzskandal geroden.

US-amerikanesch a brittesch Enquêteuren hunn am Verlaf vun hiren Enquêtë festgestallt, datt d'Bank u Geldwäsch, Bestiechung, Waffenhandel an um Verkaf vun Nukleartechnologie verwéckelt war, datt se den Terrorismus ënnerstëtzt a Steierhannerzéiung bedriwwen huet a mat illegaler Immigratioun, dem illegale Kaf vun Immobilien a Banken an der Fërderung vu Prostitutioun a Verbindung stoung.

Eng vum deemolegen US-Senator John Kerry geféiert Enquête koum zum eendeitege Resultat, datt ënner anerem de fréiere panamaeschen Diktator Manuel Noriega d'Bank benotzt hat, fir Drogesue vum Medellin-Kartells ze wäschen. Nodeems d'Finanzinstitut zesummegefall war, hunn d'Enquêteure festgestallt, datt d'Bank wäertlos war a méi wéi 13 Mrd. US-Dollar verschwonne waren.

Och eng Enquête déi ënnert dem Numm „Sandstorm-Rapport“ vun der Auditgesellschaft Price Waterhouse am Optrag vun der Bank of England gemaach gi war, koum zur Konklusioun, datt d'BCCI a groussem Ëmfang u Bedruchsaffären a Manipulatioune verwéckelt war.

De 5. Juli 1991 huet d'Bank of England d'BCCI zougemaach. Ongeféier eng Millioun Investisseure ware vun dëser Decisioun betraff. Zu Lëtzebuerg gouf d'Bank an „liquidation judiciare“ gesat an no engen ettleche Geriichtsaffäre gouf se den 19. Juli 2013 aus dem Handelsregëster geläscht[2].

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Adresse um Moment vun der Grënnung
  2. [www.lbr.lu B10370-BANK OF CREDIT AND COMMERCE INTERNATIONAL S.A.]. Luxembourg Business Registers (24.07.2013). Gekuckt de(n) 02.07.2020.