Baquet de Charleroi

Vu Wikipedia
Baquet de Charleroi zu Thieu. Dëses Baquet gouf an der Tëschenzäit verschrott (ëm 2014)

De Baquet de Charleroi och nach Sabot genannt, ass e klengt Schëff dat vum Ingenieur Jean-Baptiste Vifquain entwéckelt gi war, fir um Kanal Charleroi-Bréissel, deen aus Käschtegrënn an engem reduzéierte Gabarit gebaut gi war, ze fueren.

De Baquet war 19 m laang, 2,6 m breet a konnt 70 Tonne lueden. Déi éischt dovu waren nach aus Holz.

Et kann een der an der ganzer Belsch hautdesdaags nach ongeféier eng hallef Dose gesinn, sief et als Hausbot am Bassin de Batelage zu Anderlecht, an der Marlette bei Bellecourt, stoungen der am Juni 2009 nach zwéin. An der Tëschenzäit gouf dovun ee verschrott an den anere gouf frësch ugestrach an op e Rond-Point bei Ronquières gesat. Dee beim Schleisewiechterhaus bei der Schleis vun Thieu um Canal du Centre um Bild hei niewendrun gouf och verschrott. Zu Nimy nieft engem klengen Dréchendock um Quai des Anglais ass nach de Baquet Les Deux Soeurs, ze gesinn.

En anert klengt Schëff aus där Zäit, vun deem een der nach reegelméisseg bei Schëffstreffe gesi kann ass d'Mignole.