Barbarossalüster

Vu Wikipedia
De Barbarossalüster am Doum zu Oochen
De Barbarossalüster an der Klouschterkierch vu Comburg

Barbarossalüstere ware ronn Lüsteren, déi de Keeser Barbarossa a seng Fra Beatrix tëscht 1165 an 1170 verschiddene Kierche gestëft hunn. Et sinn der haut nach dräi am Originalzoustand erhalen.

Deen am Oochener Doum[änneren | Quelltext änneren]

An der Pfalzkapell am Oochener Doum hänkt e Lüster, op deem eng Inskriptioun an zwou Zeilen ass: "Jerusalem, himmleschen Zion, deens d'erof klëmms aus der stäreglënnereger Färent, an du blénks a lauter Gold an du liichs an denge wäertvolle Steng".

Den Eelsten[änneren | Quelltext änneren]

Den eelste Barbarossalüster huet en Duerchmiesser vu sechs Meter an ass aus Kofferblech, dee mat Gold iwwerzunn ass an op deem d'Nimmm vun Apostelen a vu Prophéiten stinn. De Lüster hänkt am Hildesheimer Doum, deen e vum Bëschof Hezilo geschenkt krut.

Den Drëtten[änneren | Quelltext änneren]

Den drëtten, deen nach erhalen ass, gouf tëscht 1102 an 1108 fir d'éischt ernimmt an hänkt an der fréierer Benediktinerkierch zu Großcomburg.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]