Barend Cornelis Koekkoek

Vu Wikipedia
Barend Cornelis Koekkoek
Gebuer 11. Oktober 1803
Middelburg
Gestuerwen 5. Abrëll 1862
Kleve
Nationalitéit Holland
Aktivitéit Moler, Landschaftsmoler
Member vun Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen
B. C. Koekkoek: d'Fiels
D'Buerg Fiels, 1848

De Barend Cornelis Koekkoek ['kukuk], gebuer den 11. Oktober 1803 zu Middelburg a Zeeland, a gestuerwen de 5. Abrëll 1862 zu Kleve, war en hollännesche Landschaftsmoler am Stil vun der Romantik, woufir e schonn zu Liefzäite bekannt war.

Seng Landschaftsbiller ginn en idealiséiert Bild vun der Natur erëm, an d'Luucht spillt eng grouss Roll dran.

De Koekkoek war ee vun de 4 Jonge vum Johannes Hermanus Koekkoek, engem Moler, an der Anna van Koolwijk. Hien huet ë. a. op der Konschtakademie zu Amsterdam studéiert. 1833 huet hie sech mat der Elise Thérèse Daiwaille bestuet, der Duechter vu sengem Léiermeeschter a Frënd Jean Augustin Daiwaille. Si krute 5 Meedercher vun deenen dat jéngst, d'Marie Louise Koekkoek (1840–1910), d'Traditioun vun hirem Papp weidergefouert huet a Landschaftsmolerin gouf.

1834 ass de Koekkoek mat senger Famill op Kleve geplënnert. 1841 huet hien do eng Konschtakademie opgemaach, a sou d'Kleever Zeecheschoul gegrënnt, zu där och säi Schwoer Alexander Joseph Daiwaille a säi Brudder Marinus Adrianus Koekkoek gehéiert hunn.

1848 war seng Kënschtlerresidenz, en dräistäckegt Haus am neo-klassizistesche Stil, fäerdeg gebaut. No sengem Doud huet seng Wittfra dra gewunnt, 1945 bis 1960 war et de Sëtz vun der Klever Gemengeverwaltung. Dono gouf et, als Museum Haus Koekkoek, an e Musée ëmgebaut, an deem Wierker vun him an anere Familljememberen ausgestallt ginn.

De Koekkoek a Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

De B.C. Koekkoek huet de Kinnek-Groussherzog Wëllem II 1845 op eng Rees op Lëtzebuerg begleet, wou hien doruechter Skizze gemaach huet, absënns vun de kinneklechen Domainer. Dem Kinnek hunn dës Skizze gefall, an hien huet néng grouss Landschaftsbiller an Ueleg bei him bestallt. Tëscht 1846 an 1849 huet de Koekkoek der aacht realiséiert: dräi Vuë vun der Buerg Beefort, eng vu Schëndels, eng vu Bierg, eng vun Huelmes an zwou vun der Fiels (wou de Kinnek 1845 grad d'Buerg kaaft hat).[1]

Nom Wëllem sengem Doud gouf seng Billersammlung 1850 versteet, an d'Biller sinn doruechter verspreet ginn. Eent ass bei engem Feier verbrannt, 3 sinn der verschwonnen, just 4 si bis haut erhale bliwwen. 2013 waren der der dräi dovun am Nationalmusée fir Geschicht a Konscht (MNHA), an der Austellung Peints pour le roi - B. C. Koekkoek et le paysage luxembourgeois, ze gesinn.[2]

Fir eent dovun, mat der Fielsser Buerg drop, huet den MNHA 2016 de Public opgeruff, duerch eng Souscriptioun bäizedroen, datt de Musée et kéint kafen.[3] Duerch dës Crowdfunding-Aktioun koumen a 6 Méint am Ganzen 102.928,47 Euro zesummen, déi vun 282 Leit oder Institutioune gespent gi waren.[4]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Freundeskreis Museum Kurhaus und Koekkoek-Haus Kleve (Hrsg.): Barend Cornelis Koekkoek (1803–1862), seine Familie, seine Schule und das B.C. Koekkoek-Haus in Kleve. Texte von Angelika Nollert, Guido de Werd. 3. überarbeitete Auflage. Kleve 2000, ISBN 3-9805641-9-3.
  • Angelika Nollert: Barend Cornelis Koekkoek 1803–1862. Ein Landschaftsmaler der niederländischen Romantik. Dissertation. Universität Münster 1997. Lang, Frankfurt am Main 2000, ISBN 3-631-36417-2.
  • Angelika Nollert (Hrsg.): Barend Cornelis Koekkoek (1803–1862). Prinz der Landschaftsmaler. Dordrechts Museum 18. Mai bis 31. August 1997; Museum B.C. Koekkoek-Haus, Kleve, Herbst 1997. Dordrechts Museum, Dordrecht 1997, ISBN 90-400-9960-X.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Barend Cornelis Koekkoek – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Le peintre Barend Cornelis Koekkoek." mnha.lu, gekuckt 2016-05-11.
  2. "L'œuvre, un legs inestimable." op mnha.lu, gekuckt 2016-05-11.
  3. "Tous mécènes d'un Koekkoek". mnha.lu, gekuckt 2016-05-11.
  4. "Iwwer 100 000€ gesammelt fir Tableau op Lëtzebuerg ze kréien." rtl.lu, 13.12.2016, 16:37:38