Barry Sloane
| Dësen Artikel aus dem Film- an Televisiounsberäich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Barry Sloane | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
10. Februar 1981 Liverpool |
| Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
| Aktivitéit | Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller, Synchronspriecher |
|
| |
De Barry Sloane, gebuer Barry Paul Sloan[sic] den 10. Februar 1981 zu Liverpool an England, ass e britteschen Televisiounsschauspiller. Hien huet seng Karriär am Tëleesfilm In His Life: The John Lennon Story (2000) ugefaangen[1].
De Barry Sloane gouf besonnesch wéinst de Rollen als Seriemäerder Niall Rafferty an der Tëleesserie Hollyoaks (2007–08)[2][3] an als Aiden Mathis a Revenge (2012–14)[4][5][6] bekannt.
2009 ass hien an der Roll als Troy Whitworth am erfollegräichen Theaterstéck Jerusalem opgetrueden. Jerusalem gouf am Royal Court Theatre zu London an um Broadway gewisen[7].
An der Computerspillindustrie ass de Barry Sloane och wäit bekannt fir säin Optrëtt als Kapitän John Price an der Spillserie Call of Duty, wou hien als Synchronspriecher a Motion-Capture-Duersteller beaarbecht huet. Fir seng Roll als Captain Price am Computerspill Call of Duty: Modern Warfare (2019) gouf hie fir ee BAFTA Games Award nominéiert[8].
Säi Wierk
[änneren | Quelltext änneren]Filmographie (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]- 2000: In His Life: The John Lennon Story (Tëleesfilm)
- 2002–03: Brookside (Tëleesserie, 87 Episoden)
- 2004–11: Holby City (Tëleesserie, 9 Episoden)
- 2007: The Mark of Cain
- 2007–09: Hollyoaks (Tëleesserie, 85 Episoden)
- 2008: Hollyoaks Later (Tëleesserie, 4 Episoden)
- 2010: DCI Banks (Tëleesserie, 2 Episoden)
- 2012–14: Revenge (Tëleesserie, 45 Episoden)
- 2013: Penthouse North
- 2014: Noah
- 2015: The Whispers (Tëleesserie, 13 Episoden)
- 2015–17: Longmire (Tëleesserie, 10 Episoden)
- 2015: Saints & Strangers (Tëleesserie, 2 Episoden)
- 2016: Shameless (Tëleesserie, 2 Episoden)
- 2017–18: Six (Tëleesserie, 18 Episoden)
- 2019: L.A.'s Finest (Tëleesserie, 7 Episoden)
- 2019: Bluff City Law (Tëleesserie, all Episoden)
- 2022: Litvinenko (Tëleesserie, all Episoden)
- 2022–24: The Bay (Tëleesserie, 18 Episoden)
- 2023: The Company You Keep (Tëleesserie, 5 Episoden)
- 2024: Passenger (Tëleesserie, 6 Episoden)
am Theater
[änneren | Quelltext änneren]- 2009–11: Jerusalem (als Troy Whitworth)
- 2023–24: Boys From The Blackstuff (als Yosser Hughes)
an de Computerspiller
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Barry Sloane – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ https://web.archive.org/web/20140906074302/http://www.matchesfashion.com/mens/the-style-report/new-season-now-issue/shoot/barry-sloane
- ↑ https://www.digitalspy.com/soaps/hollyoaks/a80138/2181-niall-arrives-in-the-village/
- ↑ https://www.digitalspy.com/soaps/hollyoaks/a102659/barry-sloane-niall-rafferty-hollyoaks/
- ↑ https://web.archive.org/web/20120814082652/https://tvline.com/2012/07/10/revenge-season-2-barry-sloane/
- ↑ https://www.hollywoodreporter.com/tv/tv-news/revenges-barry-sloane-star-abcs-682161/
- ↑ https://deadline.com/2012/10/barry-sloane-upped-to-regular-on-abcs-revenge-358630/
- ↑ https://www.broadwayworld.com/article/Meet-the-Cast-of-JERUSALEM-Day-15-Barry-Sloane-20110330#.U68hm12t-o8
- ↑ https://web.archive.org/web/20200527101051/https://www.bafta.org/games/awards/bafta-games-awards-nominations-and-winners-2020#PERFORMER%20IN%20A%20LEADING%20ROLE
