Basilika Iechternach

Vu Wikipedia
Willibrordbasilika
vun Iechternach
D'Basilika, Parkierch vun Iechternach

D'Basilika, Parkierch vun Iechternach
D'Basilika, Parkierch vun Iechternach
Uertschaft / Plaz Iechternach
Par Regioun Iechternach
Saint-Willibrord
Dekanat Osten
Numm / Patréiner Hl. Willibrord
Konsekratioun 1953
Koordinaten 49° 48’ 48.2’’ N
      06° 25’ 18.1’’ O
6° 25′ 18,1″ E
Kierchen - Kapellen

D'Willibrordbasilika vun Iechternach ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Regioun Iechternach Saint-Willibrord, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Iechternach gehéiert.

D'Basilika ass dem hellege Willibrord geweit, deem säi Fest de 7. November gefeiert gëtt. Se gouf 1953 vum Bëschof Léon Lommel konsekréiert.

D'Basilika ass zanter dem 10. November 1989 op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als nationaalt Monument agedroen.[1]

Zur fréierer Par Iechternach gehéieren ausser der Iechternacher Basilika och nach d'Péitrus a Paulus-Kierch vun Iechternach, d'Muttergotteskapell vun Iechternach an d'Kräizkapell vun Iechternach.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Chouer, deen an e Koup gefall ass. Zeechnung vum Hubert Berg.

Am Joer 706 huet de Willibrord eng éischt Kierch zu Iechternach baue gelooss. Dës gouf 800 duerch méi eng grouss ersat déi awer 1016 vun engem Feier zerstéiert gouf. Déi drëtt gouf 1031 fäerdeg. Déi gouf an der Franséischer Revolutioun grad wéi d'Abtei an där hir aner Proprietéite vum franséische Staat beschlagnahmt an de 24. Februar 1797 vun de Fransousen u Privatleit versteet.

D'Abtei mat der Kierch gouf vum Jean-Henri Dondelinger, dee virdrun Haffmaier vum Klouschter war, gesteet, an an eng Faïencefabréck ëmfunktionéiert. E groussen Deel vun aneren Abteigidder wéi z. B. d'Weilerbacher Schmelz an d'Schlass, d'Bollenduerfer Buerg, d'Ferschweiler Millen an den Diesburgerhaff goufe vum Nicolas Vincent Légier engem franséische Regierungskommissär opkaaft.

No Joerzéngte laangem Gebrauch als Faïence-Manufaktur - ee vun de Kierchtierm gouf als Kamäi benotzt - ass d'Gebai baufälleg ginn. Nodeems de Chouer vun der Basilika an e Koup gefall war, a gefaart gouf, och de Rescht vun der Kierch géif zesummefalen, gouf 1862 de Willibrordus-Bauveräin gegrënnt. Dësen huet Sue gesammelt, fir d'Kierch ze restauréieren. Iwwerdeems gouf d'Parzeläinsproduktioun an aner Deeler vun de Gebaier vum fréiere Klouschter verlagert. 1868 gouf déi nei opgeriicht Basilika ageweit.[2]

1939 krut d'Kierch den Titel vun enger peepstlecher Basilika.

Am Zweete Weltkrich (1944) gouf se gesprengt a komplett zerstéiert. Nom Krich gouf se no Pläng vun den Architekten Hubert Schumacher a Michel Heintz nees opgebaut, nom Modell vun 1031, am romanesche Stil. Dat aktuellt Gebai gouf den 20. September 1953 konsekréiert.

Bannenann[änneren | Quelltext änneren]

Bannenan.

D'Basilika huet 3 Schëffer. Bei de Sailen, déi Haapt- a Säiteschëffer vuneneen trennen, wiessele ronn a véiereckeg Saile mateneen of, e sougenannte Stützenwechsel, wat de strenge Banneraum e bësse méi labber mécht. Am Chouer stinn 2 Altär: den ënneschte steet just iwwer dem Graf vum Willibrord an der Krypta a léisst och Luucht erof an d'Krypta.

Den ieweschte weist e stengene Relief mat de Symboler vun den Evangelisten; en ass vum Auguste Trémont. De Kräizwee ass vum Albert Hames. D'Beichtstill sinn aus dem fréie Barock a stamen aus der Jesuittekierch, der haiteger Kathedral.

An der Willibrodussäitekapell steet e Fligelaltor vum Anton Stevens aus dem Joer 1609.

An der Sebastianskapell steet e Barockaltor aus dem Joer 1638 den déi Peschthelleg Sebastian a Rochus weist.

D'Uergel ass vun der Uergelmanufaktur Klais vu Bonn. Dernieft gëtt et nach eng Truenuergel vun der Uergelmanufaktur Hugo Mayer.

Fënsteren[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Fënsteren am Chouer si vum Jacques Le Chevallier, si weisen:
Patriarchen a Prophéiten Christus de Kinnek Apostelen
Hl. Péitrus Hl. Willibrord Hl. Paulus;
  • D'Fënsteren am Queeschschëff si vum François Gillen vun Iechternach;
    • no Süden: déi 7 Freede vu Maria;
    • no Norden: déi 7 Schmäerze vu Maria;
  • Mëttelschëff:
  • D'Fënsteren an de Säiteschëffer si vum Jean Barillet, Théodore Hanssen a Gustave Zanter,
  • déi an der Säitekapell vum Paul Bony
  • an déi um Duxall vum Tony Hagen.
D'Graf vum Willibrord an der Krypta.
St. Willibrord-Quell an der Krypta.

Krypta[änneren | Quelltext änneren]

D'Krypta ass ursprénglech aus der karolengescher Zäit. Ënner dem Liichtschacht vum Altor steet de merowengesche Sarkophag mam Willibrord, dee vun engem neogotesche Graf aus dem Joer 1906 ëmginn ass. Un de Mauere kann een nach Iwwerreschter vu Wandmolereien aus dem 11. Jh. gesinn, déi Zeenen aus dem Liewe vun der Maria weisen. D'Fënstere si vum Emile Probst. Des Weidere sinn nach 2 Sarkophage mat Äbt aus der Fréizäit an eng Quell an der Krypta. Et ass dovun auszegoen, datt fréier an dëser Quell gedeeft gouf.

Klacken[änneren | Quelltext änneren]

Klackespill[änneren | Quelltext änneren]

Grouss Klacken[änneren | Quelltext änneren]

Ausser dem Klackespill, hänken an den Tierm vun der Basilika nach néng Klacken. Am Plenum laude s'an der Dispositioun b', as', f' es', des', b0, as0, f0. Lauschtert op Youtube e spezielle Plenum f° as° b° des' es' f' as' b' c"

D'Sebastianklack laut all freides um dräi Auer mëttes fir d'Doudesstonn vum Jesus. Den Angelus gëtt all Dag um eelef Auer mat der Benediktklack gelaut.

D'Willibrord-Klack ass mat knapps 7 Tonnen déi schwéierst Klack am Land.

Déi néng Klacke sinn dat schwéierst Gelait an och dat mat den déifsten Téin am ganze Land.

Nr. Numm Nominal
(16tel)
Gewiicht
(kg)
Duerchmiesser
(mm)
Gossjoer
Géisser
1 Willibrord f0 +8 6.985 2.215 2000 Äifeler Klackegéisserei
2 Benedikt as0 +8 5.530 2.000 1999 Äifeler Klackegéisserei
3 Sebastian b0 +6 3.100 1.742 1948 H. Rüetschi vun Aarau
4 Maria des1 +9 1.800 1.456 1948 H. Rüetschi
5 Barbara es1 +3 1.300 1.320 1948 H. Rüetschi
6 Wilgils f1 +7 920 1.160 1948 H. Rüetschi
7 Irmina as1 +7 535 967 1948 H. Rüetschi
8 Plectrudis b1 +5 385 874 1948 H. Rüetschi
9 Johannes c2 +6 355 781 1999 Äifeler Klackegéisserei

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Seiler, E., 2013. Zur Geschichte der Springprozession. Großes Jubiläumsjahr 1939. Die zwölfte Jahrhundertfeier des Todes des hl. Willibrord. Die Warte, Nr. 15|240, S. 7-8. Luxemburger Wort vum 16. Mee 2013.
  • Spang, P. & R. Staud. Sankt Willibrordusbasilika Echternach, Schnell Kunstführer N°800

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Basilika Iechternach – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 11. Januar 2024).
  2. "Gemeinde der St. Willibrord-Kirche" op willibrord.lu