Op den Inhalt sprangen

Basilika Saint-Denis

Vu Wikipedia
Basilika Saint-Denis
Land Frankräich
Gemeng Saint-Denis,
Saint-Denis
Strooss rue de la Légion-d'Honneur
Koordinaten 48°56'8"N, 2°21'35"O
Baustil Gotik
Datum vum Bau 12. Joerhonnert
Genannt no Denis vu Paräis
D'Westfassad, ier den Nordtuerm ewechgemaach gouf (1844/45)

D'Basilika (oder Kathedral) Saint-Denis[1] ass eng fréier Abteikierch an der Stad Saint-Denis nërdlech vu Paräis.

Virum haiteg Bau stoungn do eng Rëtsch Virgängergebaier. D'Kierch, déi haut nach steet, gëllt konschthistoresch als ee vun de Grënnerbauwierker vun der Gotik, well 1140 ënnert dem Abt Suger ugefaange gouf, ronderëm de Chouer dat éischt Kräizrëppegewëllef mat spatze Béi gebaut gouf. Eng 80 Joer drop koum et zu enger weiderer Innovatioun: vun 1231 u goufen d'Chéier erneiert, woubäi ewell Trifolie mat Baussefënsteren agebaut goufen, déi als typescht Element vun der sougenannte Stil Gothique rayonnant, gëllen, der drëtter Phas vun der Gotik a Frankräich.

D'Kiertch ass dem hellegen Denis (Dionysius) geweit, dem Patréiner an éischte Bëschof vu Paräis.

Zanter 564 war si d'Grafkierch vun de fränkesche Kinneken. Vum Enn vum 10. Joerhonnert bis 1830 goufe bal all franséisch Kinneken do begruewen, an och vill vun hire Fraen. Am Zuch vun der Franséischer Revolutioun goufen tëscht 1793 a 1794 d'Kinneksgriewer geplëmmt an deelweis zerstéiert, besonnesch d'Skulpture goufe schwéier beschiedegt.

Mëtt vum 19. Joerhonnert gouf den Nordtuerm, dee baufälleg gi war, ofgedroen. E sollt nees opgebaut ginn, wat awer bis haut net geschitt ass.

Zanter 1862 ass d'Basilika Saint-Denis als Monument historique klasséiert. 1966 wéi de Bistum Saint-Denis gegrënnt gouf, gouf se d'Kathedral vun deem Bistum.

 Commons: Basilika Saint-Denis – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. www.saint-denis-basilique.fr