Basilika vu Chèvremont

Vu Wikipedia
D'Basilika vu Vaux-sous-Chèvremont

D'Basilika Notre-Dame vu Chèvremont no bei Léck gouf tëscht 1877 an 1879 gebaut. Si gouf op engem Terrain opgeriicht deen de Bistum vu Léck kaaft hat, a vum Mgr de Montpellier de Karmeliter ouni Schong geschenkt gouf, fir datt déi konnten eng Kierch an e Klouschter opriichten, wou d'Leit konnte pilgere goen.

Den éischte Stee vun der Kierch gouf vum Bëschof vu Léck den 3. September 1877 geluecht. D'Aarbechte fir d'Klouschter ware schonn am Mee ugaangen. D'Pläng ware vum hollänneschen Architekt Cuypers an den Enterprënner war de Victor Ernotte.

Den 8. September 1899 ass d'Kierch, déi am Stil vun der hollännescher Gotik gebaut ass, vum Mgr.Doutreloux ageweit ginn.

1928 bei hirem 50. Anniversaire krut d'Kierch de Rang vun enger Basilica minor.

Am Mee 1940 goufen dat südlecht Queeschschëff, den Altor an d'Uergel bei Bombardementer zerstéiert an 1944 haten e puer V1 a V2 nach nogehollef.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Basilika vu Chèvremont – Biller, Videoen oder Audiodateien