Dësen Artikel beschäftegt sech mat der tierkescher Stad. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Batman (Homonymie).
Dëse Geographiesartikel iwwer d'Tierkei ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Batman (fréier İluh oder Elih) ass de Chef-Lieu vun der tierkescher Provënz Batman, am Südoste vun der Türkei. D'Stad gouf nom Floss Batman Çayı genannt.
Bis an d'1950er Jore war et e klengt Duerf. Duerch d'Entwécklung vun Entreprisen aus der Pëtrollsindustrie ass d'Uertschaft séier gewuess. 1955 krut Batman e Buergermeeschter an 1990 gouf et Chef-lieu vun der 72. Provënz (İl)déi derno genannt gouf. An der Stad liewe majoritär Kurden.
Se läit am Westen vun der Provënz op der Grenz mat der Provënz Diyarbakır D'Schnellstrooss D 370 vun Diyarbakır op Şırnak geet a West-Ost-Richtung queesch derduerch a kräizt sech mat der D 955, déi no Süde bis op Midyat geet. Iwwer d'Schinn ass Batman mat Ankara an Istanbul verbonnen. Am Norde vun der Stad ass de Fluchhafe Batman.