Baudouin I. vun der Belsch

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Kinnek Baudouin an d'Kinnigin Fabiola (1969).

De Baudouin Albert Charles Léopold Axel Marie Gustave, op hollännesch Boudewijn Albert Karel Leopold Axel Marie Gustaaf, gebuer de 7. September 1930 op Schlass Stuyvenberg, zu Laeken, an der Belsch, a gestuerwen den 31. Juli 1993 op Schlass Motril, a Spuenien war vun 1951 bis 1993 Kinnek vun de Belsch. Hie war deen eelste Jong vum Leopold III. aus dem Haus Sachsen-Coburg Gotha an deem senger éischter Fra, der Prinzessin Astrid vu Schweden.

No der Landung vun den Alliiéierten 1944 gouf d'kinneklech Famill fir d'éischt an Däitschland op Hirschstein an am Mäerz 1945 op Strobl an Éisträich bruecht. No der Befreiung krut de Kinnek Leopold III. virgeworf, am Krich bei der däitscher Invasioun, 1940, ze fréi kapituléiert ze hunn. Hie konnt dowéinst net direkt an d'Belsch zréck. Säi Brudder, de Prênz Charles, huet d'Régence iwwerholl, well säi Brudder an der "Incapacitéit, ze regéiere" wier.

Well et politesch zu kenger Léisung ëm d'Question royale koum, gouf schlussendlech decidéiert, e Referendum ofzehalen. 58 % vun de Wieler hu sech fir de Leopold ausgeschwat, wann et och regional staark Ënnerscheeder am Resultat gouf. Den 22. Juli 1950 ass de Lepold op Bréissel hanneschtkomm. Et koum dorops hin zu schwéieren Onroue bei wallouneschen Aarbechter, sou datt de Leopold III. ofgedankt a virgeschloen huet, säi Jong, de Prënz Baudouin, sollt Kinnek ginn. Dësen huet de 17. Juli 1951 säin Eed op d'Verfassung ofgeluecht a gouf fënnefte Kinnek vun de Belsch.

De 15. Dezember 1960 huet hie sech mat der Doña Fabiola Fernanda María de las Victorias Antonia Adelaida de Mora y Aragón (11. Juni 1928 - 5. Dezember 2014) bestuet, enger fréierer Infirmière a Kannerbuchauterin. Si krute keng Kanner.

1990 koum et zu enger Verfassungskris, well de Baudouin, wéngst sengem kathoulesche Glawen, e Gesetz dat den Avortement liberaliséiere sollt, net ënnerschreiwen (an deemno a Kraaft triede loossen) wollt. Op säin eegen Wonsch hin huet déi belsch Regierung hien de 4. Abrëll 1990 fir net am Stand, ze regéieren erkläert. D'Verfassung huet fir sou ee Fall virgesinn, datt déi ganz Regierung d'Fonctioun vum Staatschef iwwerhuele géif. Nodeems all Regierungsmemberen d'Gesetz ënnerschriwwen haten, hu se deen Dag drop, de 5. Abrëll 1990, de Baudouin nees fir kapabel erkläert, ze regéieren.[1]

No sengem stënterlechen Doud gouf, well e selwer keng Kanner hat, säi Brudder Albert II. säin Nofolger.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Baudouin I. – Biller, Videoen oder Audiodateien