Bauerenhaff
Ausgesinn
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |


E Bauerenhaff, och alt just Haff, ass e Betrib, an deem haaptsächlech Landwirtschaft an / oder Véizuucht bedriwwe gëtt.
E Bauerenhaff begräift gemenkerhand Wunngebaier gradewéi spezialiséiert Gebaier oder Niewegebaier wéi ë. a.:
- fir d'Déieren: Ställ (Véistall, Schofsstall, Schwäistall, Héngerjuck, Dauweschlag oder Dauwentuerm, …);
- fir Planzen: Zär an oder Folientunnel;
- fir d'Versuerge vu Fudder- oder Liewensmëttel: Drécheschapp, Gänn, Scheier, Silo oder Keller;
- fir d'Material: Remise, Hangar, Schmëdd;
- fir d'Veraarbechtung vun de Réistoffer:
- Ozmillen, Käremillen, Rommelsmaschinn, Kelter, Wand, Schwéngskessel, Bakes;
- Mëllechprodukter: Mëllechkummer, Kéiserei;
.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Calteux, G. Lëtzebuerger Bauerenhaus. 3 Bänn, 1997, 1998, 1999.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Bauerenhaff – Biller, Videoen oder Audiodateien |