Bayajidda-Legend

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Bayajidda-Legend ass déi wichtegst Ursprongslegend vum Hausa Vollek, dat gréisstendeels am Süde vum haitegen Niger an am Norde vum haitegen Nigeria lieft. Där Legend no ginn et siwe "legitim" Hausakinnekräicher (Hausa Bakwai) a siwen "illegitim" Hausakinnekräicher (Banza Bakwai).

D'Legend[änneren | Quelltext änneren]

Der Legend no ass Daura, déi traditionell Uersprongs- an Haaptstad vun den Hausa, vun der Kinnegin Magajiya an hirem vu Kanaan a Palestina iwwer Nordafrika an d'Sahara agewanderte Vollek gegrënnt ginn. Wéinst Waassermangel sinn Dausende vu Pëtzer gebuert ginn, déi mat der Ausnam vum Kusugu-Pëtz alleguer dréche waren. An deem huet awer d'Schlaang Macijiya gewunnt, déi et de Leit nëmmen een Dag an der Woch erlaabt huet, Waasser aus dem Pëtz ze huelen.

Enges Dags ass de Bayajidda, de Jong vum Kinnek Abdullahi, an d'Stad komm. Hien hat missen an den Exil goen an hat sech mat der Hallschent vu senger Arméi vu Bagdad an d'Kinnekräich Bornu zréckgezunn. Well de Kinnek vu Bornu gemierkt hat, datt de Bayajidda a seng Arméi eng Menace fir hie wieren, hat hien him säi Meedche Magira zur Fra ginn an en duerno erageluecht, sou datt de Bayajidda no an no seng ganz Arméi un de Kinnek verluer hat. Doropshin ass e mat senger schwangerer Fra aus dem Land geflücht. An der Stad Garun Gabas huet hien d'Magira missen zréckloossen, déi do de Jong Biram op d'Welt bruecht huet.

De Bayajidda ass op sengem Päerd weider geflücht bis e schlussendlech an der Stad Daura ukomm ass, wou hie beim Pëtz op déi al Fra Ayana gestouss ass a si ëm Waasser gefrot huet. D'Ayana huet him erkläert, datt si him keent kéint gi well d'Schlaang et just een Dag an der Woch géif zouloossen, datt ee Waasser aus dem Pëtz hëlt. Doropshin huet de Bayajidda en Eemer geholl, d'Schlaang ëmbruecht, Waasser gedronk an och der Ayana nach Waasser bruecht.

Éier de Bayajidda komm war, hat d'Kinnigin vun Daura där Persoun, déi d'Schlaang ëmbréngt an hir de Kapp weise kann, d'Regentschaft iwwer eng Hallschent vun der Stad versprach. Nodeem de Bayajidda déi Dot vollbruecht hat hu vill Männer behaapt, si hätten se vollbruecht, mä déi Schlaangekäpp, déi si gewisen hunn, hunn net bei de Kierper vum doudegen Déier gepasst. D'Ayana huet du vun deem Friemen erzielt, deen hir Waasser bruecht huet. Wéi d'Kinnigin Magajiya de Bayajidda bei sech geruff huet an him als Merci eng Hallschent vun der Stad wollt iwwerginn, huet de Bayajidda refuséiert an gesot si soll hie bestueden. Fir d'Hochzäit erauszezéien huet d'Magajiya dem Bayajidda d'Sklavin Bagwariya ginn. D'Bagwariya ass schwanger ginn an huet e Bouf mam Numm Karbagari (den Numm bedeit Mir iwwerhuelen d'Stad) op d'Welt bruecht. D'Kinnigin ass duerno och schwanger ginn a krut e Jong, de Bawo.

Der Legend no sinn d'"Hausa Bakwai", oder déi siwe "legitim" Hausakinnekräicher, vum Bayajidda sengem éischte Jong, dem Biram, an dem Bawo senge sechs Jongen Daura, Gobir, Kano, Katsina, Rano a Zazzau gegrënnt ginn. D'Banza Bakwai, oder déi siwen "illegitim" Kinnegräicher, goufe vum Karbagari senge siwen (ongenannte) Jonge gegrënnt. Zu de Banza Bakwai gehéieren d'Staate Zamfara, Kebbi, Yauri, Gwari, Kororafa, Nupe a Yoruba, woubäi ursprénglech nëmmen déi zwéin éischt vun Leit bewunnt waren, déi och Hausa geschwat hunn. Haut sinn ausser Nupe a Yoruba all d'Staaten hausaiséiert.

Aner Versiounen[änneren | Quelltext änneren]

Vun der Legend ginn et vill verschidde Versiounen. Déi uewe genannt Versioun ass d'Palastversioun vun Daura. Fir d'Azna, déi autochthon Bevëlkerung (am Géigesaz zu den "agewanderten" Hausa), ginn et zum Beispill déi siwe Banza Staaten net, an de Karbagari war de Kinnek vun den Azna. Den Antagonismus tëscht dem Karbagari an dem Bawo ass do och méi grouss. Där Versioun no huet d'Magajiya gewaart bis déi zwéi Jongen erwuesse waren, an duerno dem Karbagari ordonnéiert, säi Päerd dem Bawo ze ginn. Doropshin huet si dem Karbagari eng Baatsch ginn, fir datt hie säi Brudder während enger Staatszeremonie beschützt an d'Azna ewéchdreift. De Karbagari huet gefollegt, ass vu sengem Sëtz opgestaanen an huet ugefaangen d'Leit ze baatschen, während de Bawo wéi e Kinnek sëtze bliwwen ass. D'Magajiya huet hirem Jong gesot, hie soll dem Karbagari net erlaaben nieft him ze sëtzen (a mat him ze regéieren); dofir huet hien, wou um Enn vum Fest de Karbagari sech wollt setzen, säi Schwert gezunn an säi Brudder fortgejot. Fir säi Verloscht ze kompenséieren hätt d'Magajiya him d'Aufgab ginn, déi opsässeg Azna ze kontrolléieren.

Den Nokomme vun de Kinneke vu Kano no wier et och net de Bayajidda gewiescht deen d'Schlaang ëmbruecht hätt, mä de Bawo, an dee wier et och gewiescht deen Kanner mam Magajiya a mam Bagwariya gehat hätt. Donieft ginn et nach vill aner Ofwéichunge vun der Legend.

Och d'Nimm vun der Persoune sinn net ëmmer déiselwecht, sou ginn et zum Beispill jee no Versioun aner oder ähnlech Nimm fir de Bayajidda (Abuyazidu), d'Magira (Magaram), de Biram (Birom), de Karbagari (Mukarbagari, Karap-da-Gari) oder de Zazzau (Zaria).

Quellen[änneren | Quelltext änneren]