Beata Szydło

Vu Wikipedia
Beata Szydło
Gebuertsnumm Beata Maria Kusińska
Gebuer 15. Abrëll 1963
Auschwitz
Nationalitéit Polen
Educatioun Jagiellonen-Universitéit
Aktivitéit Politiker, Ethnolog
Partei Recht a Gerechtegkeet

D'Beata Maria Szydło [ˈʃɨdwɔ], gebuer de 15. Abrëll 1963 zu Oświęcim als Beata Maria Kusińska, ass eng polnesch Politikerin (PiS).

Si war vun Noveber 2015 bis Dezember 2017 Ministerpresidentin vu Polen.

D'Beata Szydło huet en Doktorat an Ethnographie vun der Jagiellonen-Universitéit zu Krakau an huet och Kulturmanagement studéiert. Vun 1998 bis 2005 war si Buergermeeschtesch vu Brzeszcze. 2005 gouf si Member vun der PiS an an de Sejm gewielt.

Si war d'Presidentin vun der Walcampagne vum Andrzej Duda fir d'Presidentschaftswalen am Fréijoer 2015. Bei de Parlamentswalen am Hierscht 2015 war si d'Spëtzekandidatin vun hirer Partei an huet d'absolut Majoritéit gewonnen. De 16. November 2015 gouf si als Ministerpresidentin vun der Republik Pole vereedegt.

Am Dezember 2017 gouf de Mateusz Morawiecki, dee Finanzminister an hirer Regierung war, hiren Nofollger. Bei de Wale fir d'Europäescht Parlament 2019 gouf si als Deputéiert gewielt.

D'Beata Szydło ass zënter 1987 mam Edward Szydło bestuet a Mamm vun zwéi Jongen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Beata Szydło – Biller, Videoen oder Audiodateien