Beatrix vu Lëtzebuerg
Beatrix vu Lëtzebuerg | |
---|---|
Gebuer |
1305 (Julian) Prag |
Gestuerwen | 11. November 1319 jul. |
Doudesursaach | Gebuert |
Nationalitéit | Ungarn |
Aktivitéit | Kinnigin |
Famill | |
Papp | Heinrich VII. vu Lëtzebuerg |
Mamm | Margréit vu Brabant |
Geschwëster | Jang de Blannen, Marie vu Lëtzebuerg |
D'Beatrix (oder Béatrice) vu Lëtzebuerg, gebuer 1305 a gestuerwen den 11. November 1319, war duerch hiert Bestietnes mam Károly I. vun Ungarn Kinnigin vun Ungarn, Kroatien an Dalmatien.
Si war d'Duechter vum spéidere réimessch-däitsche Keeser Heinrich VII. a senger Fra Marguerite vu Brabant.
Mat 13 Joer, de 24. Juni 1318, gouf si mam Károly I. Robert, Kinnek vun Ungarn, Kroatien an Dalmatien, bestuet, dräi Joer nodeems deem seng éischt Fra, d'Maria vu Beuthen, gestuerwe war. Mat dësem Bestietnes sollt d'Dynastie vun de Lëtzebuerger mat engem wichtegen ëstlechen Noper verbonne ginn.
Den 11. Oktober 1319 huet d'Beatrix eng Duechter gebuer, déi ower just e puer Stonne gelieft huet. Och d'Beatrix selwer ass ee Mount drop, un de Suittë vun där Gebuert, gestuerwen. Si gouf an der Kathedral vu Varaždin begruwen.
Ee Joer no hirem Doud huet de Karol sech mat der Elisabeth vu Polen bestuet.
Literatur[änneren | Quelltext änneren]
- Brigitte Sokop: Stammtafeln europäischer Herrscherhäuser. 3. Aufl. Wien 1993.