Beho

Vu Wikipedia
Beho
lb: Bukels
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Lëtzebuerg
Arrondissement Baaschtnech
Gemeng Gouvy
Fläch 34,02 km²
Koordinaten 50° 13’ 15’’ N
      05° 59’ 53’’ O
Telefonszon 080
Postcode 6672

Beho (lëtzebuergesch Bukels, däitsch Boch[h]olz) ass eng Uertschaft a Sektioun vun der belscher Gemeng Gouvy an der Provënz Lëtzebuerg.

Bis zur belscher Gemengereform vun 1977 war Beho eng eegestänneg Gemeng mat den Uertschafte Beho, Commanster (Gommels op Lëtzebuergesch), Deiffelt, Ourthe a Wathermal. Dee ganze Streech, wou Lëtzebuergesch geschwat gouf/gëtt, gouf fréier zum sougenannten Altbelgien gezielt, d. h. zu de Gebidder, déi schonn ëmmer belsch waren, awer wou eng germanesch Ëmgangssprooch, eventuell nieft dem Däitschen, am Gebrauch war. Dës Gebidder sinn haut bal komplett franciséiert.[1]

Bei de Gemengefusioune vun 1977 koum d'Uertschaft Commanster bei d'Gemeng Vielsalm.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Beho – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Roland Willemyns & Helga Bister-Broosen, Deutsch in Belgien im 19. Jahrhundert; in: Dieter Cherubim, Siegfried Grosse & Klaus J. Mattheier (Eds.), Sprache und bürgerliche Nation: Beiträge zur deutschen und europäischen Sprachgeschichte des 19. Jahrhunderts. Berlin/New York 1998: 72 & 76