Bellaire (Beyne-Heusay)

Vu Wikipedia
Bellaire
Fréiert Gemengenhaus
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Léck
Arrondissement Léck
Gemeng Beyne-Heusay
Fläch 100
Koordinaten 50° 38’ 41’’ N
      05° 39’ 56’’ O
Telefonszon 04
Postcode 4610

Bellaire ass eng kleng belsch Uertschaft a Sektioun vun der Gemeng Beyne-Heusay an der Provënz Léck.

Bellaire dat bis 1802 zu Jupille gehéiert huet, gouf dunn eng eegestänneg Gemeng, a blouf dat 175 Joer laang bis zur belscher Gemengereform vun 1977.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Bellaire läit am Nordoste vun der Gemeng op engem Ausleefer vum Plateau de Herve an ass vun der Uertschaft Beyne-Heusay duerch en déiwen Dall getrennt duerch deen de Ruisseau du Moulin leeft dee vu Fléron erof op Jupille leeft. Am Südoste vu Bellaire läit déi aner kleng Uertschaft Queue-du-Bois.

Den Zentrum vum Duerf Vinâve läit op enger Héicht vun 172 Meter. Den héchste Punkt ass mat 214 Meter am Quartier So lès Frèhisses op der Sektiounsgrenz mat Queue-du-Bois, an déi déifst Plaz läit op enger Héicht vun 100 Meter op der Grenz maz mat Jupille um Lieu-dit Pîd dè Tiêr.

Um Territoire vu Bellaire gëtt et zwou kleng Baachen déi Nieweflëss vum Ruisseau des Moulins sinn. Et sinn dëst de Ruisseau des Papillards mat enger Längt vun 930 Meter, an de Ruisseau du Fond de Coy mat enger Längt vun 2.390 Meter.

Ofhängeg vun de Gemengen an deene se fléissen hunn déi zwou Baachen op Wallounesch verschidden Nimm. Sou heescht de Ruisseau des Papillards um Territoire vu Bellaire Ri del Cawe dè Bwès an zu Jupille Ås Fotches dè Ri, an de Ruisseau du Fond de Coy heescht zu Bellaire Ri de Coyî an zu Jupille Êwe di Coyî. Dräivéierel vun der Grenz vu Bellaire gi vun deenen zwou Baache gemaach.

Mat knapps honnert ha Fläch ass et déi klengst Sektioun an der Gemeng.

Op de flaache Partien an op deenen, déi keng ze géi Penten hunn, si landwirtschaftlech Betriber ze fannen. Et sinn dëst d'Lieu-diten Vinâve, So l'Arbwès a Vôye dè Messe.

D'Biedem si leemeg a vun dënne Sträife vu Kuelen duerchzunn. Wéinst dem Leem gouf et dofir fréier e puer kleng Briqueterieën an der Uertschaft.

Tounbiedem déi plazeweis virkommen an do Dielle genannt ginn, goufe fréier mat Kuelestëps vermëscht an als Brennmaterial gebraucht dat Plaquisse genannt gouf.

An de méi géie Pente fënnt ee Weeden d'Waissen an déi ganz géi Partien Trixhe genannt bestinn zum groussen Deel aus Schiferbiedem.

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

Den Numm vu Bellaire fënnt een zanter dem 13. Joerhonnert an de verschiddenste Schreifweisen: Beleare (1245), Belaire (1266), Beleire (1314) a Belle Aire (1478).

1007 goufen Bois de Breust et de Bellaire déi zum Tiers vum Notger gehéiert haten, dem Chapitre de Saint-Lambert d. h. der Kierch vu Léck iwwermaach. Géint 1482 gouf op enger fräier Plaz am Bësch, op Uerder vum vum Prënz-Bëschof Louis de Bourbon eng hëlze Kapell opgeriicht. Um Flouer gouf déi Zäit de Blé des Gaulois gezillt.

De Bois de Breux et de Bellaire war deemools e grousse Bësch dee sech vum Dall vun Angleur aus iwwer déi ganz Kopp erop bis op Queue du Bois gezunn huet.

Vum 11. Joerhonnert un hate sech an deem Bësch eng Hellewull kleng Kuelegrouwen installéiert déi awer well se dem Waasser net lass goufen, eng no der aner erëm zougemaach goufen. Si kruten am Laf vun der Zäit den Numm Bûrets woumat haut déi verloossen an iwwerschwemmte Kuelekaule bezeechent ginn, déi en nach do an der Géigend fënnt.

D'Exploitatioun vun der Kuel ass eréischt richteg lass gaangen no enger Ordonanz vum Prënz-Bëschof Ernest vu Bayern am Joer 1581 den Édit de Conquête an no engem Urteel genannt de Rendage et d'Octroi mat deem déi Leit, déi den Drainage vun de Grouwe garantéiert hunn, eng Konzessioun fir d'Exploitatioun kruten. D'Pompelen dofir goufe mat Millerieder ugedriwwen déi um Ruisseau des Moulins stoungen, dohier och deem säin Numm. An der Glanzzäit stoung do praktesch all 300 Meter e Rad.

D'Kuelenexploitatioun, obscho se zu Bellaire schappeg war, huet et mat sech bruecht datt lues a lues de ganze Bësch ewechgehae gouf.

Mat dem Gesetz vum 1810 dat d'Exploitatioun ënner dem Buedem reglementéiert huet sinn déi kleng Kuelegrouwe verschwonnen. Um Territoire vu Bellaire huet just d'Kuelegrouf Hermann-Pixerotte déi 1830 opgemaach hat, bis 1914 geschafft.

Zillebäcker a Klautercher[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bellaire (Beyne-Heusay) – Biller, Videoen oder Audiodateien