Op den Inhalt sprangen

Belmopan

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Amerika ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Belmopan
Land Belize
Buergermeeschter Pablo Cawich
Awunner 20.754
  2022
Fläch 32.780.000
Héicht 76 m
Koordinaten 17°15'0"N, 88°46'3"W
Telefonszon 8
Websäit http://www.belmopancityonline.com/

Belmopan (Englesch bɛlmoʊˈpæn) ass d'Haaptstad vum mëttelamerikanesche Staat Belize.

Den Numm vun der Stad ass e Konschtbegrëff, deen aus de Wierder Belize a Mopan (engem lokale Floss) zesummegesat ass.

Belmopan läit ëstlech vum Floss Belize an der Provënz Cayo, op enger Héicht vu 76 Meter iwwer dem Mier. Vum Golf vum Honduras aus läit d'Stad ronn 80 km an d'Land eran.

Belmopan huet 20.754 Awunner.

Belmopan gouf den 1. August 1970 gegrënnt an ersetzt déi fréier Haaptstad Belize City op der Côte vum Golf vum Honduras, déi den 31. Oktober 1961 vum Hurrikan Hattie gréisstendeels zerstéiert gouf.

Kuckeswäertes

[änneren | Quelltext änneren]

net wäit vu Belmopan ewech:

  • Guanacaste-Nationalpark
  • Zoo vu Belize

Bekannt Leit vu Belmopan (Auswiel)

[änneren | Quelltext änneren]
 Commons: Belmopan – Biller, Videoen oder Audiodateien