Belsch

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem aktuelle belsche Kinnekräich. Fir aner a fréier Bedeitungen, kuckt wgl. Belsch: Evolutioun vum Wuert a vu senge Varianten am Raum an an der Zäit.
Royaume de Belgique
Koninkrijk België
Königreich Belgien

Belsche Fändel

Belscht Wopen

Detailer

Detailer
National Devise:
L'union fait la force
Eendracht maakt macht
Einigkeit macht stark
EU location BEL.png
Offiziell Sprooch: Franséisch, Hollännesch, Däitsch
Haaptstad: Bréissel
 • Awunner: 178.552 (2016) / Haaptstadregioun Bréissel: 1.187.890 (2016)
Staatsform: Parlamentaresch Monarchie
 • Kinnek: Philippe
 • Premierminister: Sophie Wilmès
Fläch: 30.528 km² (140.)
 • Dovu Waasser: 6,4 %
Bevëlkerung: 11.250.585 (2016) (75.)
 • Bevëlkerungsdicht: 363,6/km²
Onofhängegkeet: vun Holland
1830 (ausgeruff)
1839 (unerkannt)
Nationalfeierdag: 21. Juli
Nationalhymn: La Brabançonne
(Lauschteren)
Wärung: Euro
Zäitzon: UTC +1 (+2 am Summer)
Internet TLD: .be
Internationalen
Telefonsprefix
:
+32
Belgium RegProv.png

D'Belsch, offiziell d'Kinnekräich Belsch, ass e Land a Westeuropa. Et läit laanscht d'Nordséi a grenzt un Holland, Däitschland, Lëtzebuerg a Frankräich. D'Land erstreckt sech op enger Fläch vun 30.689 km² an huet eng Bevëlkerung vu ronn 11,5 Milliounen, wouduerch et dat 22. dichtst bewunnt Land op der Welt ass, an dat 6. an Europa, mat enger Bevëlkerungsdicht vun 376 pro Quadratkilometer.

Rechtlech ass d'Belsch e souveräne Staat an eng federal konstitutionell Monarchie mat engem parlamentaresche System. Hir institutionell Organisatioun ass komplex a souwuel op regionale wéi op sproochleche Grënn strukturéiert. Et ass an dräi héich autonom Regiounen opgedeelt: déi Flämesch Regioun am Norden, déi Wallounesch Regioun am Süden an d'Haaptstadregioun Bréissel am Zentrum. Bréissel ass déi klengst an am dichtst bewunnt Regioun, souwéi déi räichst Regioun wat de PIB pro Kapp ugeet.

An der Belsch gëtt et dräi Sproochegruppen oder Gemeinschaften[1]: Déi hollänneschsproocheg Flämesch Communautéit, déi ongeféier 60 Prozent vun der Bevëlkerung ausmécht, d'franséischsproocheg Gemeinschaft, déi ongeféier 40 Prozent vun alle Belsch ausmécht an déi kleng däitschsproocheg Gemeinschaft, déi ongeféier ee Prozent ausmécht, existéiert an den Ostkantonen. D'Haaptstadregioun Bréissel ass offiziell zweesproocheg (Franséisch an Hollännesch), och wa Franséisch déi dominant Sprooch ass[2]. Déi belsch sproochlech Diversitéit, an domat déi verbonne politesch Konflikter, ginn an hirer politescher Geschicht an am komplexe Regierungssystem, deen aus sechs verschiddene Regierunge besteet, reflektéiert.

D'Belsch ass mat Lëtzebuerg an Holland, en Deel vun den historeschen Nidderlanden. Hire modernen Numm ass vum laténgesche Wuert Belgium ofgeleet, dat wärend de "Gallesche Krich" ëm d'Joer 55 v.Chr.[3] benotzt gouf fir d'Regioun ze beschreiwen. Vum Enn vum Mëttelalter bis an de 17. Joerhonnert war d'Gebitt vun der Belsch e wuelhabenden a kosmopoliteschen Zentrum vun Handel a Kultur. Tëschent dem 16. a fréie 19. Joerhonnert huet d'Belsch d'Schluechtfeld tëschent villen europäesche Muechten gedéngt, dowéinst huet d'Land de Spëtznumm d'"Schluechtfeld vun Europa" verdéngt; e Ruff duerch béid Weltkricher verstäerkt. D'Land ass am Joer 1830 no der Belscher Revolutioun opgetaucht wéi et vun Holland getrennt ass.

D'Belsch huet un der Industrieller Revolutioun deelgeholl an am Laf vum 20. Joerhonnert eng Rei vu Kolonien an Afrika besat. Déi zweet Hallschent vum 20. Joerhonnert war gepräägt vu klammende Spannungen tëschent den hollänneschsproochegen an de franséischsproochege Bierger, déi duerch sproochlech a kulturell Differenzen an ongerecht wirtschaftlech Entwécklung vu Flandern a Wallounien ugedriwwe goufen.


Evolutioun vum Begrëff "Belsch"[änneren | Quelltext änneren]

Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Belsch (Semantik)

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Geschicht vun der Belsch D'Belsch huet de 4. Oktober 1830 hir Onofhängegkeet vun Holland erkläert.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Geographie vun der Belsch D'Belsch deelt sech Grenze mat Frankräich (620 km), Holland (450 km), Däitschland (167 km) a Lëtzebuerg (148 km). Seng Gesamtfläch - inklusiv Waasserfläch - sinn 30.528 km2; d'Landfläch elleng sinn 30.278 km2. Et läit tëscht de Breetegraden 49°30 an 51°30 N an de Längtegraden 2°33 a 6°24 E.

Zu de grousse geographesche Regioune vun der Belsch zielen d'Küsteplaine an den zentrale Plateau, déi am Nordwesten dominéieren, an d'Ardennen am Süden. Déi südlechst Spëtzt vum Land gehéiert nach zum Paräisser Baseng.

D'Klima ass temperéiert a maritim, mat bedeitendem Nidderschlag an alle Joreszäiten, wéi déi meescht Länner an Nordwesteuropa. D'Duerchschnëttstemperatur ass am niddregsten am Januar bei 3 °C an am héchsten am Juli bei 18 °C.

Administrativ Andeelung[änneren | Quelltext änneren]

Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Communautéiten, Regiounen a Provënze vun der Belsch D'Belsch ass e federale Staat, dee sech aus dräi Communautéiten an dräi Regiounen zesummesetzt.

Déi Regioune sinn d'Haaptstadregioun Bréissel, d'Flämesch Regioun an d'Wallounesch Regioun. Déi zwou lescht si jiddereng a jee fënnef Provënzen ënnerdeelt.

D'Communautéite baséieren op der Sprooch. Heibäi handelt sech ëm d'hollänneschsproocheg Communautéit, d'franséischsproocheg Communautéit an d'däitschsproocheg Communautéit.

Politik[änneren | Quelltext änneren]

Den aktuelle Kinnek Philippe vun der Belsch

D'Belsch ass eng konstitutionell Monarchie an eng federal parlamentaresch Demokratie. D'federaalt Parlament setzt sech aus dem Senat an der Representantechamber zesummen. An der Belsch gëllt d'Walflicht, dowéinst gëtt et eng vun den héchste Walbedeelegungen op der Welt.

Staatschef ass de Kinnek, aktuell de Kinnek Philippe, mä mat limitéierte Prerogativen. Hien designéiert d'Ministeren, dorënner de Premierminister, déi d'Vertraue vun der Representantechamber hunn, fir d'federal Regierung ze forméieren. De Regierungsrot besteet aus net méi wéi 15 Memberen. Mat der Ausnam vum Premierminister muss de Regierungsrot aus grad souvill franséischsproochege wéi hollänneschsproochege Ministere bestoen.

Zu de frankophone Parteien zielen d'Sozialistesch Partei, de Mouvement réformateur, d'Chrëschtdemokraten, déi Gréng an DéFI. Bei de Flammänner gëtt et d'Nei-Flammänesch Allianz (N-VA), d'Chrëschtdemokraten, d'Liberal Partei, d'Sozialdemokraten, déi Gréng a Vlaams Belang.

Ekonomie[änneren | Quelltext änneren]

D'Ekonomie vun der Belsch ass staark globaliséiert an d'Transportinfrastruktur ass gutt an de Rescht vun Europa integréiert. Dem Land säi strategesche Standuert am Häerze vun enger héich-industrialiséierter Regioun mécht et zu engem vun de Haapt-Handelslänner an zu engem vun de räichste Länner op der Welt. D'Wirtschaft charakteriséiert sech duerch eng produktiv Aarbechtskraaft, en héije PNB an héich Exporttauxe per capita. Der Belsch hir Haaptimporter si Réimaterialien, Maschinnen an Equipementer, Chemikalien, Réidiamanten, Medikamenter, Liewensmëttel, Transportequipementer an Pëtrolsprodukter. D'Haaptexportgidder si Maschinnen an Equipementer, Chemikalien, fäerdeg Diamenten, Metaller a Metallprodukter a Liewensmëttel.

Am Allgemengen ass d'belsch Wirtschaft extreem op Zerwisser orientéiert, mat enger dynamescher flammännescher Ekonomie an der Wirtschaft vu Wallounien, déi hannendrun hinkt. Als ee vun de Grënnungsmembere vun der Europäescher Unioun ënnerstëtzt d'Belsch d'Iddi vun enger oppener Vollekswirtschaft an d'Erweidere vun de Kompetenze vun den EU-Institutioune fir nei Memberen an den europäesche Bannemaart ze integréieren. Zënter 1922, via d'Belsch-Lëtzebuerger Wirtschaftsunioun, hunn d'Belsch a Lëtzebuerg e gemeinsame Bannemaart mat Zoll- a Wärungsunioun.

Demographie[änneren | Quelltext änneren]

Ufank 2015 hat d'Belsch eng Bevëlkerung vun iwwer 11.190.000 Awunner. Dovun hu schonn 2004 97% als urban gegollt. D'Bevëlkerungsdicht ass 363,6 Awunner op de Quadratkilometer, woubäi deen Taux a Flandern méi héich an an den Ardennen am niddregsten ass. A Flandern hunn 2015 iwwer 6.437.000 Leit gelieft an d'Stied mat de meeschten Awunner waren Antwerpen (511.000), Gent (252.274) a Bruges (117.787). A Wallounien hunn 3.585.000 Leit gelieft a Charleroi (202.021), Léck (194.000) an Namouer (110.000) haten déi meeschten Awunner. D'Haaptstadregioun Bréissel hat 1.167.000 Awunner. Dräi aner Gemengen, nieft Bréissel selwer, an där Regioun haten iwwer 100.000 Awunner.

2007 haten 92% vun der Bevëlkerung d'belsch Nationalitéit, aner 6% waren aner EU-Bierger. Heefegst Auslänner waren d'Italiener (172.000), d'Fransousen (125.000), d'Hollänner (167.000), d'Marokkaner (81.000), d'Portugisen (44.000), d'Spuenier (43.000), d'Tierken (39.000) an déi Däitsch (38.000). Zënter der Ännerung vum belschen Nationalitéitegesetz am Joer 1984 hu méi wéi 1,3 Millioune Migranten d'belsch Staatsbiergerschaft ugeholl. 2012 gouf geschat, datt 25% vun der Gesamtbevëlkerung auslännesch Wuerzelen hunn. Déi gréisst Grupp vun Immigrante mat hiren Nokomme sinn d'Marokkaner mat iwwer 450.000 Persounen

Kultur[änneren | Quelltext änneren]

Konscht[änneren | Quelltext änneren]

Besonnesch d'Kontributiounen an der Molerei an an der Architektur vu belsche Perséinlechkeete sinn ervirzehiewen, zum Beispill d'Molerei wärend der flammännescher Renaissance. Zu de bekannte flammännesche Moler zielen de Peter Paul Rubens, den Antoon van Dyck, de Pieter Bruegel den Eeleren an de Jan van Eyck. Kënschtler aus dem 20. Joerhonnert sinn de Wim Delvoye, de Constant Permeke, de René Magritte an de Paul Delvaux.

De Victor Horta war ee vun de bekanntste Jugendstil-Architekten.

Musek[änneren | Quelltext änneren]

De Belsch Adolphe Sax huet de Saxophon erfonnt. De Jacques Brel gëllt als ee vun de beschte Chansonnieren. Europawäite Succès am 21. Joerhonnert huet de Stromae.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Belsch Auteure sinn ënner anerem de Georges Simenon, d'Amélie Nothomb, den Hugo Claus, d'Suzanne Lilar an den Hendrik Conscience.

Och d'Bande dessinéeën hunn an der Belsch e besonnesche Stellewäert, mam Hergé (Tintin), dem Peyo (Schlumpfen), dem André Franquin (Gaston Lagaffe, Marsupilami), dem Dupa oder dem Morris (Lucky Luke).

Kichen[änneren | Quelltext änneren]

Mullen a Fritte gëllen als belsch Spezialitéit

Vill belsch Restaurante si renoméiert an et fënnt ee s'an de grousse Restaurantsguide wéi dem Guide Michelin.

D'Belsch ass bekannt fir hire Béier, Eisekuchen, Schockela a Fritten.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Belgium – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. Pateman, Robert and Elliott, Mark (2006). Belgium. Benchmark Books. p. 27. ISBN|978-0761420590
  2. Leclerc, Jacques (18 January 2007). "Belgique • België • Belgien—Région de Bruxelles-Capitale • Brussels Hoofdstedelijk Gewest". L'aménagement linguistique dans le monde (op French). Host: Trésor de la langue française au Québec (TLFQ), Université Laval, Quebec. Archived from the original on 9 June 2007. Retrieved 18 June 2007. C'est une région officiellement bilingue formant au centre du pays une enclave dans la province du Brabant flamand (Vlaams Brabant)CS1 maint: unrecognized language (link)
    *"About Belgium". Belgian Federal Public Service (ministry) / Embassy of Belgium in the Republic of Korea. Archived from the original on 2 October 2008. Retrieved 21 June 2007. the Brussels-Capital Region is an enclave of 162 km2 within the Flemish region.
    *"Flanders (administrative region)". Microsoft Encarta Online Encyclopedia. Microsoft. 2007. Archived from the original on 31 October 2009. Retrieved 21 June 2007. The capital of Belgium, Brussels, is an enclave within Flanders.
    *McMillan, Eric (October 1999). "The FIT Invasions of Mons" (PDF). Capital translator, Newsletter of the NCATA, Vol. 21, No. 7, p. 1. National Capital Area Chapter of the American Translators Association (NCATA). Archived from the original (PDF) on 26 June 2007. Retrieved 21 June 2007. The country is divided into three autonomous regions: Dutch-speaking Flanders in the north, mostly French-speaking Brussels in the center as an enclave within Flanders and French-speaking Wallonia in the south, including the German-speaking Cantons de l'Est.
    *Van de Walle, Steven. "Language Facilities in the Brussels Periphery". KULeuven—Leuvens Universitair Dienstencentrum voor Informatica en Telematica. Archived from the original (PDF) on 31 October 2009. Retrieved 21 June 2007. Brussels is a kind of enclave within Flanders—it has no direct link with Wallonia.
  3. C. Julius Caesar, De Bello Gallico, book 8, chapter 46.